AbrigadoNeien Drogen-Substitutiounsprogramm dréit seng Friichten

Tim Morizet
Am Abrëll d'lescht Joer huet den Abrigado e weidere Schrëtt a Richtung Drogebekämpfung gemaach.
Neien Drogen-Substitutiounsprogramm dréit seng Friichten
Am Abrëll d'lescht Joer huet den Abrigado e weidere Schrëtt a Richtung Drogebekämpfung gemaach.

Mat ënner anerem der Ënnerstëtzung vum nationalen Drogebeoptraagten, der Santé an Organisatiounen ewéi der Jugend- an Drogenhëllef bitt d'Struktur elo en Drogen-Substitutiounsprogramm un.

D'Pläng fir esou e Programm goufen et op nationalem Niveau scho méi laang, mee de Lockdown am Mäerz d'lescht Joer hat Tempo an den Dossier bruecht. Duerch d'zoue Grenzen an eidel Stroossen ware gréisser Drogeliwwerungen a Richtung Lëtzebuerg ausbliwwen. De Raoul Schaaf, Direkter vum Comité National de Defense Sociale - der Verwaltung vum Abrigado: „Et ass am Prinzip esou, datt mer mat de Leit hei zesumme kucken, ob se iwwerhaapt a Fro kommen. Net all Droge kënne substituéiert ginn. De Mënsch selwer muss och soen ech well dëse Schrëtt goen. Zanter e puer Wochen ass elo och effektiv all Dag en Dokter op der Plaz, mat deem gëtt dann zesummen no enger Solutioun gekuckt.“

De Programm, deen elo geschwënn 12 Méint leeft, géif zolidd u Friichten droen: „Mir hu verschidde Situatiounen hei gehat, wou mer op Grond vun der Substitutioun Leit an Therapien orientéiert kritt hunn oder hinnen nei Hëllef kënnen organiséieren, ewéi zum Beispill bei der Jugend- an Drogenhëllef. Dat war iwwer Joren u Betreiung esou net méiglech. Elo klappt dat an 2 bis 3 Méint.“

D'Nofro wier den Ament méi grouss, ewéi een se um Site tëscht dem Garer a Bouneweger Quartier kéint assuréieren. Et wier ee vun der Plaz hier begrenzt, bedauert ee beim CNDS. Et hätt kee Sënn méi Leit unzehuelen, ewéi ee Ressourcen-technesch kéint garantéieren. 25 Persoune si konstant am Programm ageschriwwen. De Koup un Demanden awer klëmmt.

Back to Top
CIM LOGO