De Carlo Back gëtt ersatNeiopstellung bei deene Gréngen am Stater Gemengerot

RTL Lëtzebuerg
Am Stater Gemengerot kënnt et zu engem politesche Wiessel an der Fraktioun vun deene Gréngen.

D'Oppositiounspartei zielt fënnef Conseilleren um Knuedler, woubäi de Carlo Back lo no 16 Joer am Stater Conseil ersat gouf.

D'Maria Eduarda de Macedo gouf de Méindeg als nei gréng Stater Conseillère vereedegt. D'Madamm De Macedo war 2017 10. gewielt op der Lëscht vun de Gréngen an der Stad Lëtzebuerg.

De Carlo Back gëtt iwwerdeem am Dezember och no dräi Joer an der Chamber ersat - nei Deputéiert fir déi Gréng gëtt dann déi 25 Joer al Jessie Thill, déi Schäffen zu Walfer ass.

Back to Top
CIM LOGO