An der Chamber ugehollNeit Lobbyregister soll fir méi Transparenz suergen

Tim Morizet
Zanter November 2019 war d'Gesetz an Aarbecht, en Donneschdeg ass et elo an der Chamber passéiert.
© RTL-Archiv

D‘Lëtzebuerger Deputéierte si bei hirer parlamentarescher Aarbecht mat diversen Acteuren a Kontakt, dorënner privat Persounen, Fondatiounen oder Lobbyisten. E “Lobbyregister” soll hei an Zukunft fir méi Transparenz suergen. E Projet de loi gouf en Donneschdeg an der Chamber debattéiert a mat 60 Jo-Stëmmen ugeholl.

Lobbyregister an der Chamber ugeholl / Rep. Tim Morizet

Konkreet geet et ëm d‘Aféiere vun engem Transparenzregister, dat an d‘Reglement vun der Chamber ageschriwwe gëtt. Kontakter, besonnesch am legislative Prozess, sollen esou besser retracéiert ginn. De Rapporteur vum Projet de loi, André Bauler, erkläert.

D‘Kommissioun huet decidéiert, datt déi eenzel Kontakter net mussen ëffentlech gemaach ginn. Mee, datt Interesse-Vertrieder sech mussen an e Register aschreiwen.“

Zanter November 2019 gëtt op Demande vun der Pirate-Partei um Text geschafft. Mëtt vum Joer hat d‘CSV d‘Konformitéit vum leschten Text a Fro gestallt an nei Adaptatioune gefrot. Vum Originaltext ass awer net méi vill iwwereg, esou och de CSV Deputéierte Léon Gloden.

Am éischten Text stoung effektiv, datt Deputéiert selwer musse pro Mount dem Chamberspresident e Rapport maachen, mat wiem se a Kontakt waren. Den zweete Punkt war deemools, datt de Kontakt mat all Persoun, och déi, déi net wëll ‘Influence’ huelen, misst notéiert ginn.”

Bei der parlamentarescher Verwaltung gëtt dann elo en Transparenzregister opgesat, wou Persounen, déi op déi legislativ Aarbecht Afloss wëllen huelen, sech mussen aschreiwen. Sief dat wann ee Kontakt mat engem Deputéierten oder och enger ganzer Fraktioun huet. De Register ass an Zukunft ëffentlech iwwert de Site vun der Chamber ze areechen.

Anescht ewéi ugangs ugekënnegt si keng Sanktioune géint Entreprisë geplangt, sollten déi sech net an de Register androen. Deputéierte kënnen awer vum Chamberpresident verwarnt ginn. Duerch Dateschutzgesetz kënne Kontakter sech och aus dem Register eraushuele loossen.

CSV an den ADR fuerderen iwwerdeems och esou een Transparenzregister fir d‘Regierung. Hei wëll een d‘Regierung zum Progrès vun dësen Aarbechten am Januar héieren.

Back to Top
CIM LOGO