Fir Patienten an hir FamillenNéng Organisatioune schléisse sech sech zum Cercle "CAPAT" zesummen
Zum neien Cercle gehéieren ënnert anerem d'Fondatioun Kriibskrank Kanner, d'Fondatioun Cancer, d'Alzheimer-Associatioun an d'Blëtz ASBL.
Néng Organisatiounen, déi sech fir Patienten an hir Famillen asetzen, hu sech elo am Cercle vu Patientenassociatioune CAPAT zesummegedoen. Duerch de Verbond wëlle si d’Rechter an Interessie vun de Patiente mat verschiddene Krankheeten op politeschem Plang besser verdeedegen an d’Patienten an hir Famille besser informéieren.
D’Vereenegung wier politesch, ideologesch a reliéis neutral, wéi et am Communiqué heescht.
Hei déi néng Associatiounen:
- Association Luxembourg Alzheimer a.s.b.l.
- Association Luxembourgeoise du Diabète a.s.b.l.
- ALAN, Maladies Rares Luxembourg a.s.b.l.
- Blëtz a.s.b.l.
- Fondation Autisme Luxembourg
- Fondation Cancer
- Fondation Kriibskrank Kanner
- Ligue luxembourgeoise de la sclérose en plaque a.s.b.l.
- Parkinson Luxembourg a.s.b.l.
DOCX: Communiqué CAPAT