
En Dënschdeg huet d'Famill Spaus hir Geschicht mat eis gedeelt. Si wollten hire Camping no den Iwwerschwemmungen am Juli 2021 rëm an d'Rei bréngen. D'Aarbechte goufen no nëmmen 2 Deeg gestoppt. De ganzen Artikel kënnt Dir hei noliesen.
Elo huet den Ëmweltministère reagéiert. Et wier net déi éischte Kéier, dass esou Tëschefäll bei der Famill virkomm sinn. D'Famill dementéiert dës Virwërf.
Den Ëmweltministère betount, dass d'Administration de la Gestion de l'Eau (AGE) der Famill gehollef huet, no den Iwwerschwemmungen den Terrain rëm an d'Rei ze bréngen. Déi Aarbechten, déi elo um Camping am Mëllerdall am Gaang sinn, wiere keng Opraumaarbechten, mee net-autoriséiert Bauaarbechten.
Sou hätt d'Famill op hirem Terrain och eng Bréck stoen, déi net méi konform wier. Duerch d'Bréck géif sech bei Héichwaasser hei nämlech Schwemmgutt ustauen. D'AGE huet d'Famill och dorop higewisen. Do wier awer näischt geschitt.

Dës Weidere géifen déi aktuell Aarbechten den Zoustand vun der schwaarzer Iernz beaflossen, déi direkt laanscht de Chantier leeft. De Ministère schwätzt vun enger Beaflossung vum Waasserzoustand an enger Biotopzerstéierung. Dowéinst hätt een den 18. Oktober direkt de Baustopp verhaangen.
Den Ëmweltministère wier awer gewëllt zesumme mat der Famill eng Léisung ze fannen. Dat am legale Kader vun de gültege Gesetzer. D'Famill Spaus donieft sicht sech elo juristesch Ënnerstëtzung.