
D'Haaptmissioun vum Luxembourg Buisness Registers ass zanter 2019 de Regëster ze geréieren an d'Donnéeën, déi vun de Betriber agereecht ginn, ze kontrolléieren an dann online zur Verfügung ze stellen.
Ronn 300.000 Leit wieren am Regëster ageschriwwen, seet den Yves Gonner. Wat d'Kontrollen zu der Identitéit vun de Leit betrëfft erkläert den Yves Gonner, Direkter vum RBE - dem Registre des beneficiaires effectifs - wéi si virginn:
"Wa mir kënne Kontrollen op Lëtzebuerger Datebanken maachen, da gëtt dat op Basis vun den Informatioune gemaach, déi si eis liwweren. Bei anere Leit mussen zousätzlech Pièces d'identification mat agereecht ginn, wéi eng Kopie vum Pass oder eng Pièce d'identité. An da ginn déi Donnéeën dorop kontrolléiert."
D'Leit, déi Deklaratioun maachen, mussen hir Donnéeën nach emol confirméieren, ier se dann intern beim RBE iwwerpréift a validéiert ginn:
"Lo muss een natierlech soen, à la base ass ëmmer eng Saisie manuelle, déi geschitt an do kënne sech ëmmer manuell Feeler aschläichen."
D'Kontrollen, déi gemaach géife ginn, wieren awer performant, seet den Yves Gonner. Gesetzlech ass och festgehal, datt d'Leit, déi dës Informatiounen um Regëster consultéieren, Inkoherenze mussen mellen:
De Registre des beneficiaires effectifs géif déi Kontrollen a Missiounen maachen, déi d'Gesetz virschreift:
"Dat si Kontrollen op Basis vun den Informatiounen, déi mer geliwwert kréien, d.h. eng Kontroll sur base de pièces an den Donnéeën, déi era gereecht ginn. Et ass e Contrôle materiel, dee mir do maachen. Mir hu net als Missioun fir Enquêten ze maachen oder verdéift Recherchen iwwer Bénéficiares effectifs."
Et géif awer permanent um Regëster geschafft ginn, huet den Yves Gonner nach betount. D'Verbesserung vun der Infrastruktur wier e kontinuéierleche Prozess.
