
Eng ganz Partie Leit melle sech bei eis a bekloe sech iwwer d'Waardezäiten an den Alters- a Fleegeheemer. Dat deelt de Konsumenteschutz mat. Fir d'ULC kann dat net sinn. D'Regierung misst elo handelen. De Konsumenteschutz schwätzt virun allem vu Fäll bei deenen déi Concernéiert dréngend eng Plaz a sou enger Struktur brauchen. Deelweis misst een awer Méint oder souguer heiansdo iwwert e Joer waarden bis en Zëmmer fräi géif ginn, bedauert den Nico Hoffmann, President vun der ULC
Et kann ee sech jo virstellen, datt déi eeler Leit Problemer hunn, wa se déi Zäit da mussen iwwerbrécken an eleng doheem wunnen.
De Problem wier einfach deen, datt et net genuch Zëmmeren zu Lëtzebuerg gëtt. Dem Fait, datt d'Liewenserwaardung vun de Leit méi héich ginn ass, géif net Rechnung gedroe ginn. Dofir ass d'Fuerderung un déi politesch Responsabel kloer.
Et géif héich Zäit ginn, datt mer méi Alters- a Fleegeheemer bauen. Do si mer hannendran. Déi sollen och mat den néidege sanitären Installatiounen equipéiert sinn.
Genee op deem Punkt gesäit d'ULC e weidere Problem. Datt eng ganz Partie Zëmmere keng eegen Toilette oder Dusch hunn, dat wier an engem räiche Land wéi Lëtzebuerg e Skandal.
Et ass festgestallt ginn, datt 271 Zëmmeren nach keng Toiletten hunn a 495 Zëmmeren ouni Dusch sinn. Dat ass fir eis en Zoustand, deen net méi haltbar ass. An da wieren do nach d'Präisser. Vill Leit hätte Problemer fir en Zëmmer ze finanzéieren.
Vill Pensioune leie bei ronn 3.000€ Netto oder nach drënner. D'Zëmmer kaschten awer 3.000€ oder méi.
D'ULC verlaangt a punkto Präisser och méi Transparenz, fir datt een zum Beispill déi verschidden Haiser besser matenee ka vergläichen.