Invité vun der Redaktioun (7. Februar) - Cécile HemmenNet intresséiert drun, LSAP-Parteipresidentin ze ginn

Sascha Georges
E Freideg de Moie war d'LSAP-Deputéiert eis Invitée vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Cécile Hemmen
E Freideg de Moie war d'LSAP-Deputéiert eis Invitée vun der Redaktioun.

De Renouveau bei der LSAP wier net altersbedéngt. D'Chamber wier d'Spiggelbild vun der Gesellschaft, an dowéinst sollten och Leit an hirem Alter an der Chamber hier Plaz hunn. Dat sot d'Cécile Hemmen am RTL-Interview.

Déi 64 Joer al Politikerin ass jo fir de Franz Fayot an d'Chamber nogeréckelt. Si hätt e waarmen Accueil kritt vun den Deputéierten. Et wier de Retour op eng Plaz, déi Si gutt géif kennen, trotz ville neie Gesichter.

Nieft de Kommissiounen, déi Si vum Franz Fayot geierft huet, kéint si och nach d'Santéskommisisoun iwwerhuelen.

Da géif hier besonnesch de Projet „Legaliséiere vum Cannabis“ um Häerz leien.

LSAP-Parteipresidentin ginn, interesséiert d'Cécile Hemmen net. Si hätt genuch Posten an der Partei, wou si sech kéint abréngen. D'Francine Closener wier op alle Fall eng gutt Kandidatin.

E Freideg de Moie war d'LSAP-Deputéiert eis Invitée vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO