Dréngenden Appell vum Jean AsselbornNet méi op eege Fauscht mat Bussen an d'Ukrain Flüchtlinge siche fueren

RTL Lëtzebuerg
Aktuell wier ee mat enger Situatioun konfrontéiert, déi een net esou meeschtere kéint. Dowéinst gouf och schonn eng nei Struktur annoncéiert.
© AFP

Keng Busse méi an d’Ukrain / Rep. Dany Rasqué

Den Ausseminister Jean Asselborn mécht den dréngenden Appell, net méi op eege Fauscht mat Bussen an d’Ukrain respektiv op d’Grenz mat der Ukrain ze fueren, fir Flüchtlinge sichen ze goen.Et wieren honnerte Mënschen ënnerwee, déi an der Nuecht respektiv um Samschdeg am Grand-Duché ukommen, mä d’Organisateure vun deene Faarte missten och bedenken, dass déi massiv Zuel vu Leit zu Lëtzebuerg muss logéiert ginn.Am ONA, dem Office National de l’Accueil, wieren den Ament eng 700 Leit ënnerdaach, wéi vill et der privat wieren, wier net gewosst.Mir si mat enger Erausfuerderung konfrontéiert, déi mer esou net meeschteren, seet de Jean Asselborn. Wa mer onpreparéiert Leit géifen ophuelen an dat eis iwwerfuerdert, da géif ee Kengem ee Gefale maachen.D’Gemeng zu Konter huet spontan de Centre culturel an hirer Gemeng zur Verfügung gestallt, wou vun e Samschdeg un eng weider Struktur fir de Primo-Accueil funktionéiert.

Extrait Jean Asselborn

Nei Struktur mécht hir Dieren op

Well ëmmer méi ukrainesch Flüchtlingen am Grand-Duché ukommen, hu sech déi aktuell Urgence-Strukturen, fir Leit ze hebergéieren, séier gefëllt. An deem Kontext funktionéiert vun e Samschdeg un eng weider Primo-Accueil-Struktur zu Mutfert an der Gemeng Conter. Dat deelt den Immigratiounsminister Jean Asselborn mat.

De Communiqué

Accueil des personnes fuyant la guerre en Ukraine

Communiqué par : ministère des Affaires étrangères et européennes

« Au vu de l’afflux continu de personnes fuyant la guerre en Ukraine, les structures d’hébergement d’urgence déjà mises en place se remplissent très vite.

Dans ce contexte, nous remercions vivement la bourgmestre, Madame Marion Zovilé-Braquet, et les autorités communales de la commune de Contern qui nous ont permis d’installer dès demain matin 12 mars une structure de primo-accueil au centre culturel de Moutfort.

A ce stade, et pendant que tous les services compétents travaillent à plein régime pour accueillir dans les meilleures conditions les personnes fuyant la guerre et pour traiter leurs demandes pour le statut de protection temporaire, nous demandons aux citoyens et résidents luxembourgeois de ne plus organiser de transports à grande échelle à moins que des arrangements privés pour le logement à court et moyen terme aient été faits par les organisateurs pour les personnes à transporter. »

Jean Asselborn, ministre des Affaires étrangères et européennes, ministre de l’Immigration et de l’Asile

Den Ukrain-Konflikt an der Iwwersiicht: Russland an alliéiert Länner a rouden an orangen Téin, Nato-Länner am Bloen. D'Ukrain ass op der Kaart giel, déi vu Russland besate Krim ass giel a rout markéiert.
Den Ukrain-Konflikt an der Iwwersiicht: Russland an alliéiert Länner a rouden an orangen Téin, Nato-Länner am Bloen. D’Ukrain ass op der Kaart giel, déi vu Russland besate Krim ass giel a rout markéiert.
© RTL-Grafik

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO