D'Gemeng Waldbëlleg huet par contre déi gréisste Quellen aus dem Land. Am Mëllerdall beim Schéissendëmpel sicht sech d'Schwaarz Iernz hire Wee duerch d'Kleng Lëtzebuerger Schwäiz. De Schéissendëmpel ass eng vun 3 Waasser-Quelle vun der Waldbëlleger Gemeng.
D'Gemeng Waldbëlleg zielt 1950 Awunner a besteet aus 6 Uertschaften. 2017 gouf e Waasserreservoire gebaut. Den ale Baseng hat eng Kapazitéit vun 280 Meter Kipp. Dat goung net méi duer, fir déi ganz Gemeng mat Drénkwaasser ze assuréieren.
D'Waassertemperatur an den eenzele Basenge läit konstant bei 10 Grad. Schéissendëmpel 1 an 2 an Härebuer 1 heeschen d'Quelle vun der Gemeng.
Iwwer d'Wanterméint verbraucht d'Gemeng Waldbëlleg eng 450 Meter Kipp Waasser pro Dag. Am Summer verduebelt sech de Verbrauch.
D'Gemeng Waldbëlleg gehéiert zu den Drénkwaasserschutzzonen. D'Waasser ass eng wichteg Source, déi et gëllt, ze schützen.
De Schéissendëmpel ass net nëmmen eng Touristenattraktioun, mee gläichzäiteg och eng wichteg Drénkwaasserquell.