
D’Gemengen hunn elo 8 Deeg Zäit, fir dem Staatsministère matzedeelen, wéi vill valabel Ënnerschrëften zesumme komm sinn. RTL-Informatiounen no hu bei Wäitem net genuch Leit ënnerschriwwen, fir datt e Referendum organiséiert gëtt. 25.000 Ënnerschrëfte wieren do néideg gewiescht.
An deenen dräi gréisste Gemenge koumen am Ganzen eng 1.000 Stéck zesummen. An der Haaptstad waren et bis e Méindeg den Owend 374 Stéck, zu Esch an zu Déifferdeng waren et all Kéiers ronn 300 Stéck.
A villen anere Gemengen am Land hu just e puer Dose Leit ënnerschriwwen. Zu Dikrech zum Beispill hu se eng 60 Ënnerschrëfte gezielt, knapp 60 och zu Réiden, zu Iechternach eng 55, zu Wëntger hunn eng 65 Leit ënnerschriwwen an zu Wolz iwwer 50 Persounen. Op ville Gemengen, wou RTL nogefrot huet, krute mir gesot, datt et ganz lues ugelaf ass, mä datt iwwert déi lescht 3 bis 4 Deeg, wou een ënnerschreiwe konnt, däitlech méi Leit op der Gemeng passéiert sinn.
D’Gemengen hunn also elo 8 Deeg Zäit, fir hir Lëschten un de Staatsministère virun ze ginn. Dat heescht bis den 28. Dezember an dann huet de Staatsministère och nach emol 8 Deeg Zäit, fir all déi Ënnerschrëften ze kontrolléieren an ze zielen. Spéitstens de 5. Januar muss dann dat definitiivt Resultat feststoen.