Fligerbomm entschäerftNieft dem CR322 war och d'N7 tëscht Housen an Houschterdéckt zou

RTL Lëtzebuerg
Nodeems eng Fligerbomm huet mussen entschäerft ginn, ware puer Stroossen an der Regioun ronderëm Housen / Holztem / Konstem fir puer Stonne gespaart.
© Police

An enger éischter Phas war et just den CR322 Schinker - Holztem - Konstem, dee betraff war. Méi spéit am Dag gouf och nach d'N7 Housen - Houschterdéckt  fir den Trafic gespaart.

D'Spezialiste vun der Lëtzebuerger Arméi kruten dann och Ënnerstëtzung vun de belsche Kollegen a kuerz virun Hallefnuecht koum d'Entwarnung, dass alles gutt verlaf wier, an dass d'Stroossen nees fir den Trafic opginn.

© Police

Back to Top
CIM LOGO