
Um Fluchhafe London City gouf et zanter e Freideg den Owend gréisser Problemer, vill Flich goufen annuléiert. Dorënner och déi vun der Luxair vun an op Lëtzebuerg. Schold dorunner war den extremen Niwwel am Osten vun der britescher Haaptstad. Déi meescht Flich vun der Luxair goufen op den Southend Airport deviéiert. Vun do aus hat d'Luxair versicht, all d'Passagéier op hir Enddestinatiounen ze bréngen.
Op Nofro krute mer um Sonndeg vun der Luxair Confirmatioun, datt d'Situatioun zu London sech esou lues normaliséiert an een dann am Laf vum Dag och all d'Passagéier, déi an der britescher Haaptstad festsouzen, zeréck op Lëtzebuerg géif kréien. Déi éischte Flich wäerten hei am Mëtteg nees fortgoen.