Invité vun der Redaktioun (18. Juli) - François BauschNo 2035 ass fir de Privatauto "keng Drëps E-Fuels méi iwwereg"

Monica Camposeo
Dat seet den Transportminister als Invité vun de Redaktioun mam Bléck op 2035, wa keng nei Verbrenner méi an der EU sollen zougelooss ginn.
Invité vun der Redaktioun: François Bausch
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

“Egal wat d’europäesch Unioun decidéiert huet, ech sinn iwwerzeegt, datt 2035 de ganz groussen Deel vun den Autoen déi wäerte fueren, Elektroautoe wäerte sinn” - dat sot de gréngen Transportminister François Bausch e Méindeg de Moien hei op der Antenn, als Invité vun der Redaktioun.

Vun 2035 u sollen an der EU keng Autoe mat Verbrennungsmotore méi dierfen zougelooss ginn - allerdéngs gëtt et op Drock, notamment vun Däitschland, eng Hannerdier fir synthetesche Sprit. Fir E-Fuels hierzestellen, missten elo mol nach Produktiounskapazitéite geschafe ginn an da géingen dës Kraaftstoffer fir de schwéieren Transport iwwert Fliger a Schëffer gebraucht ginn. Et wier eng Illusioun, fir ze mengen, datt dann nach eppes fir den Individualverkéier mam Auto iwwreg bleiwe géing. Elektresch ze fuere wier och vill méi effikass, d’Infrastruktur fir ze luede wier am Gaangen opgebaut ze ginn an dës Autoe géingen och an den nächste Jore méi bëlleg ginn, well ëmmer méi Hiersteller op Elektresch ëmklammen.

De François Bausch huet dann am RTL-Interview affirméiert, datt hie säi Mandat bis zum Schluss weider féiert. De grénge Politiker hat scho virun e puer Joer annoncéiert, datt hien no de Walen 2023 net méi fir e Ministerposte géing zur Verfügung stoen.

Dat seet den Transportminister als Invité vun de Redaktioun mam Bléck op 2035, wa keng nei Verbrenner méi an der EU sollen zougelooss ginn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO