
Den CSV-Député-Maire war zanter Mëtt September wéinst Burn-out an enger Therapie, déi lo ofgeschoss ass, sou datt de 54 Joer ale Politiker nees an der Chamber un den Debatten a Votten deel hëlt.
Dës RTL-Informatiounen huet de Felix Eischen eis géintiwwer confirméiert a seet sech nees prett, fir seng politesch Chargen a Responsabilitéiten. Och d'Kielener Gemengepolitik hat de Felix Eischen jo roue gelooss, wou den LSAP-Schäffen Guy Scholtes déi lescht Méint d'Geschécker am Interim iwwerholl hat.
Den nächste Gemengerot déi nächst Woch wäert de Félix Eischen wuel nees selwer leeden.
Och de Poste vum CSV-Generalsekretär hat de Félix Eischen wärend sengem Traitement ofginn. Dës Charge gi bis zum CSV-Kongress am Abrëll "faisant fonction" vum Paul Galles iwwerholl.
De Félix Eischen ass nieft sengem kommunale Mandat zanter 2009 Deputéierte fir d'CSV. Zanter 2017 ass de fréieren RTL-Mataarbechter Buergermeeschter zu Kielen.