Nordea BankNo 44 Joer definitiv Schluss, Nordea Bank ënnert dem Hummer

Pierre Weimerskirch
D’Lëtzebuerger Filial vun der Nordea Bank huet hir Dieren Enn lescht Joer zougemaach.
No 44 Joer definitiv Schluss, Nordea-Bank ënnert dem Hummer
D’Lëtzebuerger Filial vun der Nordea-Bank huet hir Dieren Enn lescht Joer zougemaach.

Offiziell sot d’Mammenhaus, et wéilt een d’Aktivitéiten an de skandinavesche Länner konzentréieren, ma d’Bank ass awer och duerch d’Panama Papers an d’Kritik geroden. E Sonndeg war eng ëffentlech Stee, wou Miwwelen a Konschtwierker, déi an de Büroe stoungen ënnert den Hummer komm sinn.

Schonn 2018 huet d’Bank decidéiert, zu Lëtzebuerg d’Aktivitéiten anzestellen. Fir déi 350 Mataarbechter gouf ee Sozialplang ausgeschafft. Fir d’Mataarbechter, déi op der Stee waren, ass d’Decisioun d’Aktivitéiten anzestellen relativ onerwaart gefall.

Vill soten, et hätt wuel mat de Panama Papers ze di gehat, och wann déi offiziell Begrënnung war, datt d'Bank nëmmen nach an de skandinavesche Länner wéilt aktiv sinn. Um Sonndeg gouf den Inhalt vun de Büroe versteet. Ronn 200 Objete sinn ënnert den Hummer komm, de groussen Deel zu engem méi héije Präis wei d’ Estimatioun.

Fir d’Mataarbechter ass eng Episod vun hirem Liewen definitiv ofgeschloss ginn.

Back to Top
CIM LOGO