Neie Prisong zu SuessemNo 5 Joer Bauzäit - Enn vun dësem Joer sou gutt wéi fäerdeg

Christophe Hochard
Hannert de Mauere vum neie Prisong ass et den Ament nach roueg. Dat wäert bis Enn vum Joer, ugangs 2023 änneren.
Neie Prisong zu Suessem
Hannert de Mauere vum neie Prisong ass et den Ament nach roueg. Dat wäert bis Enn vum Joer, ugangs 2023 änneren.

Bis zu 400 Mënschen, déi viru Geriicht nach net verurteelt sinn, sëtzen dann zu Suessem an Untersuchungshaft. De Gros si männlech Detenuen.

Eng 380 Leit Personal këmmere sech ëm d’Prisonéier, dovu sinn tëscht 230 bis 240 Giischtercher. Och sozio-edukatiivt Personal schafft spéider hei um Site. Et goufen zum Deel nei Leit agestallt, respektiv et ass Personal vu Schraasseg oder Giwenech op Suessem gewiesselt.
Den neie Prisong ass opgedeelt an Eenzel- oder Duebelzellen an d’Diere vun den Zelle sinn op den eenzelen Unitéiten am Prinzip op. Well et sech bei dësem Prisong ëm Untersuchungshaft handelt, sinn d’Detenuen nëmmen eng kuerz Zäit do. Duerno gi si entweder entlooss oder kommen op Schraasseg. Schoulstonne ginn de Prisonéier och proposéiert.

Besuch kënnen d’Detenuen och kréien, dofir ginn et extra Visittendeeg a -stonnen. Nieft engem grousse Sall, extra fir dës Visitten, ginn et och eenzel Parloire mat an ouni Trennwand.

Am ganze Gebai besteet Handyverbuet. Dat gelt souwuel fir d’Visiteuren, ewéi och d’Personal vum Prisong.

Back to Top
CIM LOGO