Aus dem PolicebulletinNo Abroch oder Déifstall: Police konnt sechs Leit festhuelen

RTL Lëtzebuerg
Am Policebulletin mellt d'Police, datt et hinnen op verschiddene Plazen am Land gelongen ass, Déif an Abriecher festzehuelen.
© Laurent Weber

Ugefaangen e Méindeg de Mëtteg. Hei gouf enger Persoun am Garer Quartier an der Stad den Handy geklaut. Eng Patrull koum op d'Plaz an huet d'Affer hei virfonnt. Éischten Informatiounen no gouf d'Affer vun zwee Täter bedrängt a gestouss an ee vun den Ugräifer huet dunn d'Chance genotzt, fir den Handy aus der Jackett ze klauen an en dem zweeten Täter ze ginn. De Beamten ass et gelongen, ee vun den zwee Täter festzehuelen. Dëse krut op Uerder vum Parquet e Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. Ma domat net genuch. Beim presuméierten Täter goufen och zwee Handyen, Boergeld, Pefferspray an eng kleng Quantitéit Droge fonnt, déi vum Parquet saiséiert goufen. D'Sich nom zweeten Ugräifer hat bis ewell kee Succès.

Zwou Abriecherinne konnten dann en Dënschdeg no engem Abroch zu Kielen gestallt ginn. Eng vun hinnen hat probéiert, an en Haus anzebriechen, andeem si d'Glas vun der Dier hannert dem Haus ageschloen huet. Dobäi war si awer vun der Bewunnerin iwwerrascht ginn. Doropshin ass si zesumme mat hirer Komplizin fortgelaf, si konnten awer vun enger Policepatrull lokaliséiert a festgeholl ginn. Am Kader vun den Ermëttlunge koum eraus, datt d'Frae mat méi Abréch a Verbindung konnte bruecht ginn. De Parquet huet si festhuele gelooss a si koume virun den Untersuchungsriichter.

E bësse méi spéit am Dag gouf der Police en Abroch um Belval gemellt. Hei wieren dräi Täter duerch de Gaart an en Eefamilljenhaus agedrongen. Eng Patrull war séier op der Plaz a konnt zwee vun den Täter am Gaart stellen an deen drëtten hu se erwëscht, wéi hien aus dem Haus koum. Wéi d'Persounen duerchsicht goufen, konnt eng grouss Quantitéit u Bijoue fonnt ginn, déi saiséiert goufen. Och hei huet de Parquet déi Dräi festhuele gelooss a si koume virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO