Politesch Reaktiounen op d'Sonndesfro"D'CSV krut wierklech eng op de Bak"

Annick Goerens
Wann e Sonndeg géing gewielt ginn, hätten d'CSV an d'DP keng Majoritéit méi an der Chamber - an dat obwuel d'DP weider un Terrain géing gewannen.
Wann e Sonndeg géing gewielt ginn, hätten d'CSV an d'DP keng Majoritéit méi an der Chamber - an dat obwuel d'DP weider un Terrain géing gewannen.

Dat geet aus der neier Sonndesfro ervir, déi d'Ilres fir RTL an d'Wort gemaach huet. Dat suergt natierlech fir vill Reaktioune queesch duerch d'Partei-Bänken.

Déi Lénk: Sondagë weise Wonsch no politeschem Wiessel

"D'CSV krut wierklech eng op de Bak", dat constatéiert den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum iwwer d'Resultater vun der Sonndesfro, déi d'Ilres fir RTL an d'Wort gemaach huet. -8 Prozentpunkten, dat wier fir Lëtzebuerger Verhältnisser wierklech een Äerdrutsch.

Marc Baum (déi Lénk) reagéiert op d'Sonndesfro
"D'CSV krut wierklech eng op de Bak", constatéiert den Deputéierte vun déi Lénk.

"Ech mengen domat ass d'Regierungspolitik desavouéiert. Déi Politik déi awer sollt d'Handschrëft vum CEO Luc Frieden droen. Mir hunn et scho virdrun an de Sondage gesinn, dass et ëmmer weider erofgaangen ass an déi Tendenz geet weider. Mir brauchen elo onbedéngt e komplette Wiessel vun der Regierungspolitik. An dofir mengen ech, dass d'Gewerkschaften am Virfeld vun der Tripartite Recht hunn, dass dëst mat déi lescht Chance fir d'Regierung ass."

D'CSV huet 8 Prozentpunkte verluer, mee déi dräi lénks Parteien, déi Lénk, déi Gréng an d'LSAP, hunn zesumme 6 Prozentpunkte gewonnen. Dat wier een Zeechen, dass een eng aner Politik bräicht, eng méi sozial Politik, déi probéiert, déi sozial Schéier nees méi no beieneen ze kréien, sou nach de Marc Baum.

ADR gesäit sech confirméiert

Wa muer géing gewielt ginn, da kréich d'ADR 1,8 Prozentpunkte méi. Dat géing sech fir déi konservativ Partei carrement an 2 weidere Sëtzen néierschloen. Als Parteipresidentin géing si sech natierlech iwwer dëst Resultat freeën, sou d'Alexandra Schoos.

"Et ass och deem geschëlt, dass mer am Osten nees vertruede sinn an doduerch méi present sinn. Mee awer och eng ganz gutt Politik maachen als Partei an als Fraktioun. Notamment zum Beispill an der Pensiounsreform, wou mir eng Broschür erausbruecht hunn, wou mir mat klore Propose komm sinn, fir eng laangfristeg an nohalteg wierklech Reform, wou dann eng CSV éischter gepléischtert huet. Och bei der Steierreform a beim Mindestloun hu mer eng ganz kloer Positioun. Och beim Gesondheetssystem, wou mer eppes musse maachen. An ech mengen, dass mer do de Bols bei de Leit gefillt hunn an och matkréien."

Dat schlecht Resultat vun der CSV féiert d'ADR-Parteipresidentin op eng schlecht Kommunikatioun zeréck an op de Fait, dass een an enger Koalitioun net méi zu 100 Prozent dat kann ëmsetzen, wat een eigentlech wëll. Kloer wier awer, dass dëst Momentopname sinn. Wou et zielt ass am Oktober 2028, sou d'Alexandra Schoos.

DP-Parteipresidentin relativéiert Ëmfroen: De Fokus soll op der Regierungspolitik bleiwen

Sondage sinn eng Momentopnam. Et soll ee se eescht huelen, mee gewielt gëtt 2028. Dat seet DP-Parteipresidentin Carole Hartmann. Wat de schlechte Score vun der CSV ugeet, do wier et elo un hinne selwer, fir déi Analys ze maachen. Mam +1 Sëtz fir d'DP ass ee bei den Demokraten natierlech zefridden, mee et géing elo drëm goen, fir no vir ze kucken.

Carole Hartmann (DP) reagéiert op d'Sonndesfro
Sondage sinn eng Momentopnam. Et soll ee se eescht huelen, mee gewielt gëtt 2028. Dat seet DP-Parteipresidentin Carole Hartmann.

"Ech mengen et muss ee ganz kloer op déi aktuell Situatioun am Land, mee och international kucken. An do ass et schonn esou, dass mer Äntwerte musse ginn, och op déi Kris, déi aus dem Iran ausgeet an all d'Konsequenzen dovunner. Dofir ass et wichteg, dass elo d'Tripartite kënnt, déi och vum Premier annoncéiert ginn ass."

Demokratesch Partei hätt op alle Fall e stabilt Resultat an den Ëmfroen an dat soll een uspornen, fir déi Politik zesumme mam Koalitiounspartner ze maachen, fir déi ee gewielt gouf.

Déi Gréng: Mir goufe gestäerkt an de Message vun de Leit un d’CSV ass kloer

Och fir déi Gréng wier et, wann e Sonndeg géing gewielt ginn, e Plus vun 2 Sëtz. Dat freet eis natierlech, dass eis Oppositiounsaarbecht esou honoréiert gëtt, seet de Co-Parteipresident François Benoy. De Message vun de Leit un d'CSV wier iwwerdeems ganz kloer, fënnt de Politiker.

"Dat geet net fir eng Politik ze maachen, déi iwwer d'Käpp vun de Leit ewech geet. Mesuren déi géint d'Leit sinn an net am Dialog mat de Leit schaffen. Ech mengen d'CSV an déi ganz Regierung wier ganz gutt beroden, fir hir Politik fundamental z'iwwerdenken."

Eng DP géing sech vläicht taktesch besser uleeën, mee am Fong déi nämmlecht Politik maachen, wéi eng CSV. An dat gréisst Suergekand vun de Lëtzebuerger wier ëmmer nach de Logement. An den DP-Logementsminister géing ganz kloer net genuch investéieren an net déi néideg Mesuren en place setzen a wann de Claude Meisch dann och nach eppes géing ënnerhuelen, géing hie vun der Stater Buergermeeschtesch e Bee gestallt kréien, sou d'Kritik vum Co-Parteipresident vun déi Gréng.

Pirate verléieren e Sëtz am Zentrum: Mir sinn net iwwerrascht

Fir d'Piraten ass de Sondage alles anescht wéi gutt. Si géingen e Sëtz verléieren an zwar wier dat am Zentrum, de Sëtz vum Grënner vun der Partei Sven Clement. De Co-Koordinateur vun der Piratepartei Ben Lomel ass net iwwerrascht.

Ben Lomel (Piratepartei) reagéiert op d'Sonndesfro
Fir d'Piraten ass de Sondage alles anescht wéi gutt. De Co-Koordinateur vun der Piratepartei Ben Lomel ass net iwwerrascht.

"Jo dat konnte mir eis bal erwaarden. No dem Rapport [vun der Cour des comptes, ndlr.] den erauskomm ass, hu mer scho bal domat gerechent. Mee mir gesinn dat op eng Manéier och positiv, well dat weist, dass mer awer mussen un eis schaffen. Dat wäerte mir och maachen. An der Chamber an an de Gemengen."

Fir de Sven Clement selwer, misst een dat allerdéngs méi nuancéiert gesinn.

"Mir stounge scho méi schlecht do. Mir stounge scho besser do. Déi Lecture vun de Sëtz déi attribuéiert ginn. Dat ass ëmmer en Absence vun "wie kandidéiert a wou kandidéieren d'Leit" an ech mengen deementspriechend maachen ech mir do den Ament nach net ze vill Gedanken. Et geet elo als éischt mol drëm de Gesamt-Trend vun der Partei ëmzedréinen."

Et misst een elo schaffen op Dossieren, déi de Leit wichteg sinn. Dat wieren d'Liewenskäschten, de Logement an d'Mobilitéit, sou de Pirat Sven Clement.

LSAP mat +3 Sëtz gesäit e kloert Zeechen

Mat der aktueller Sonndesfro weist sech de Georges Engel zefridden. D'LSAP géif dräi Sëtz bäikréien, wat fir hien e kloert Zeeche wier, dass een net alles komplett falsch géif maachen. D'Regierung géif net esou gutt do stoen, well och eng ganz Rei falsch Decisioune geholl goufen.

CSV stellt de Premier net a Fro

"Et kann een net zefridde si mat deem do Resultat, weeder als Generalsekretär nach als Deputéierte vun der Majoritéit", dat sot den CSV-Generalsekretär Alex Donnersbach. Beim Luc Frieden gesäit den Deputéierten iwwregens keng Schold. Hie wier um leschte Kongress och mat 90 Prozent gewielt ginn. Heiansdo géing een natierlech och mol Feeler maachen, "an ech menge mir als CSV hu sécher net alles richteg gemaach, mee ech menge mir hunn eng ganz Rei Reformen, eng ganz Rei wichteg Mesuren ugestouss an dëser Regierungszäit".

Back to Top
CIM LOGO