
Am Staatsministère sinn e Mëttwoch Vertrieder vun de Sozialpartner mat enger Delegatioun vun der Regierung zesummekomm, dat fir d‘Tripartite ze preparéieren. E Mëttwoch de Moie war et schonn um Tour vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB aus dem Privatsecteur an dem Patronat. E Mëttwoch de Mëtteg gouf et dunn nach eng Reunioun mat der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP.
Dobäi wier kloer ginn, datt OGBL an LCGB fir d‘Tripartite e méi breeden Ordre du Jour géife festleeën. D‘Patronat an d‘CGFP géifen d‘Gespréicher vun der Tripartite léiwer op de Sujet vun der Energiekris fokusséieren, esou de Premier Luc Frieden am spéiden Nomëtteg virun der Press.
An de Reuniounen e Mëttwoch hätt een den Terrain fir d‘Tripartite uganks Juni preparéiert. De Premier huet vu ganz konstruktive Gespréicher geschwat. D‘Zil vun der Tripartite soll sinn, fir gemeinsam Léisungen auszeschaffen, fir d‘Kafkraaft vun de Leit ze stäerken an d‘Kompetitivitéit z‘erhalen, esou de Premier. Och den Index war Theema an de Reuniounen.
Hei den offizielle Programm vum Premierminister Luc Frieden e Mëttwoch:
• 09 h 00: Réunion bilatérale avec les organisations syndicales OGBL et LCGB
• 10 h 30: Réunion bilatérale avec le patronat
• 15 h 00: Réunion bilatérale avec la CGFP
• Vers 16 h 00/16 h 30 à l’issue des réunions: point de presse / doorstep
En présence de la presse