Luxembourg Air RescueNo vill Duerchernee um Mëttwochmoien ass de Fliger elo ënnerwee Richtung Amsterdam

Serge Pauly
D'LAR rapatriéiert zwee Hanta-Virus-Patienten, déi sech op engem hollännesche Croisièresschëff virum Cap Vert infizéiert hunn, zeréck an Europa – d'Situatioun op der Plaz war laang Zäit onkloer.
De medezineschen Equipage kuerz virum Depart.
De President vum LAR-Verwaltungsrot huet vis-à-vis RTL gesot, dass d'Situatioun op der Plaz "konfus" wier.
© LAR
LAR: No vill Duerchernee um Mëttwochmoien ass de Fliger elo ënnerwee
D'LAR rapatriéiert zwee Hantavirus-Patienten, déi sech op engem hollännesche Croisièresschëff virum Cap Vert infizéiert hunn, zeréck an Europa.

E Mëttwoch um 11 Auer Lokalzäit, 14 Auer Lëtzebuerger Zäit, huet de Fliger LX-RHC vu Luxembourg Air Rescue de Flughafe vu Praia erëm verlooss. D’Arrivée zu Amsterdam ass fir de fréien Owend virgesinn. U Bord sinn zwee Patienten, déi sech um hollännesche Croisières-Schëff mam geféierlechen Hanta-Virus infizéiert haten.

De Fliger war en Dënschdegowend um Fluchhafe vu Praia gelant. Zënterhier war net kloer, wéi et weidergeet, sou de René Closter, President vum LAR-Verwaltungsrot, deen RTL e Mëttwoch kuerz viru Mëtteg erkläert, dass d'Situatioun op der Plaz "konfus" gewiecht wier.

D'Lëtzebuerger Rettungsekippe wosste laang Zäit net, ob si een oder zwee Patienten transportéiere mussen. Vill Autoritéiten, wéi déi hollännesch Ambassade oder lokal Regierungsvertrieder, hätte matgeschwat, esou de René Closter weider. Och d'Decisioun vun der spuenescher Regierung, dass d'Schëff bis op Teneriffa fueren däerf, hätt d'Situatioun op der Plaz beaflosst.

Internationale Medien no gëtt ee weidere Patient vun der tierkescher Gesellschaft Redstar Aviation och vu Praia op Amsterdam geflunn.

De René Closter vun der Air Rescue.
© Emile Mentz

Back to Top
CIM LOGO