Caritas an Oppent Haus warnenNo Annonce vun Ausseminister riskéiert de Sans-abrisme am Land zouzehuelen

Diana Hoffmann
D’Caritas fäert, dass d’Strukture fir Obdachloser wäerten iwwerfëllt sinn.
Refugiéë-Strukture si bal voll
Vulnerabel Persounen a Famillje mat Kanner solle prioritär behandelt ginn. Kuerzfristeg misst een eng schwéier Decisioun huelen.

Mer maache Plaz a Strukturen, fir Leit, déi hei am Land Asyl sichen, erkläert den Direkter vun der Caritas Marc Crochet. Déi Leit, déi dann net méi ugeholl ginn, sinn awer do. Vill vun hinne wäerten op der Strooss landen. Domat wieren dann d’Strukture fir Obdachloser gefuerdert. De Marc Crochet denkt do zum Beispill un d’Wanteraktioun, déi geschwë mat hiren 250 Better opgeet. Dann huet een de selwechte Problem do, wéi elo an de Flüchtlingsstrukturen. Nämlech, dass se iwwerfëllt sinn. Fir méi Plaz fir Refugiéen ze hunn, gouf dann och vun der Regierung decidéiert, zum Beispill de Foyer Don Bosco net wéi geplangt um Enn vum Joer zouzemaachen. “Lëtzebuerg net wierdeg”, fënnt dat d’Marianne Donven vun Oppent Haus. Dëst, well d’Leit, déi do liewe mussen, a Container nieft dem Gebai duschen an alles futti wier. Mä ëmmerhi besser wéi op der Strooss, mierkt si nach un.

Vun der neier Regierung erwaart si sech, dass e seriöen Effort gemaach gëtt, fir nei Strukturen ze schafen. Ma et misst och de Leit, déi ukommen, gehollef ginn, dass se méi séier Accès zum Aarbechtsmarché hunn. Just esou hätte se Chance, Fouss ze faassen, a kéinte sech integréieren.

De Marc Crochet kritiséiert, wéi och schonn den Ausseminister, Europa, wat sech net eens ass an der Flüchtlingspolitik. Verschidde Länner misste méi stemme wéi anerer. Wann Entscheedunge getraff goufen, wieren dës net koherent ëmgesat ginn. Och wann et keng populär Meenung wier: Wa Leit kee Recht hunn, zu Lëtzebuerg ze bleiwen, a se an engem anere Land e Recht hunn, misst de Staat hëllefen, dass se dohinner kommen, sot de Marc Crochet. Organisatioune fir d’Caritas missten hëllefen, dass dat dignement ofleeft.

Mä en Gros wieren et Decisiounen, déi ee misst exekutéieren, soss géing d’Faass iergendwann iwwerlafen.

RTL-News: Refugiéë-Strukture si bal voll - Ausseminister riicht Appell un d’Gemengen

Back to Top
CIM LOGO