
Ee Foussgänger gouf ëm Hallefnuecht vun enger Grupp onbekannte Männer an der Groussgaass no engem Briquet gefrot. Déi Oflenkung ass duergaangen, fir dem Mann den Handy ze klauen a sech duerch d'Bascht ze maachen.
Kuerz no 3 Auer huet e Mann um Stater Policebüro eng Plainte gemaach. Och hie gouf wuel Affer vun där Grupp, wéi d'Police schreift.
De Mann war a Begleedung vun engem Kolleeg a gouf op e Briquet ugeschwat. Zäitgläich huet ee vun den Onéierlechen nom Affer senger Hand gegraff, huet ugefaangen ze danzen a mat där anerer Hand den Handy aus dem Mann senger Täsch gezunn. Wéi beim éischten Affer, hunn d'Täter sech duerno ewech gemaach.
Bei de Verdächtegen handelt et sech ëm 5 bis 6 jonk Männer, déi, wéi d'Police präziséiert, südlännesch ausgesinn hunn. Si sinn tëscht 18 an 20 Joer al, waren all gouereg an hate "Rapper-Gezei" u mat Kapen. Ee vun hinnen hat eng Narb um Kënn.
Verhaltenstipps:
Es ist Vorsicht geboten, wenn man von Fremden angesprochen wird. Taschen- und Trickdiebe arbeiten mit Ablenkungstricks, um unbemerkt an die Wertsachen ihrer Opfer zu gelangen. Man sollte sich keinesfalls von Unbekannten berühren oder umarmen lassen.
Tritt eine fremde Person zu nahe an einen heran, soll man sogleich wieder eine gewisse Distanz zu dieser gewinnen. Es ist anzuraten, wenn möglich, die Nähe von anderen Menschen aufzusuchen und die direkte Umgebung auf die Situation aufmerksam zu machen.
Vorbeugend sollen Wertgegenstände (Brieftaschen/GSM usw.) grundsätzlich in einer verschließbaren Innentasche oder einer Umhängetasche mit der Öffnung zum Körper gerichtet, verstaut werden.