Am Raum EschduerfNo Fluchtversuch konnt ee presuméierten Abriecher vu Police gepëtzt ginn

RTL Lëtzebuerg
Den Abriecher, deen e Freideg de Moien am Raum Eschduerf op der Flucht war, konnt vun der Police gestallt ginn. Zwee anere goufe scho virdrun erwëscht.

E Freidegmoien hat d’Police e flüchtegen Abriecher gemellt. Eng zwou Stonne méi spéit huet d’Police Entwarnung ginn, de presuméierten Abriecher wier gestoppt ginn.

Um Freideg de Mëtteg huet d’Police weider Detailer zum Abroch ginn. Et war kuerz viru 5 Auer, wéi en Abroch an en Eefamilljenhaus an der Strooss “A Klatzber” zu Eschduerf gemellt gouf. Et sollen dräi Täter gewiescht sinn, déi sech Zougang zum Haus verschaaft haten. D’Police war séier op der Plaz a konnt der direkt zwee vun hinnen erwëschen. Nom drëtte Brigang gouf mat direkt e puer Policeunitéite gesicht. E konnt dann och kuerz drop gefaasst ginn.

Déi dräi selwecht Persoune stinn am Verdacht, virum Abroch zu Eschduerf och schonn zu Heischent an en Haus agebrach ze sinn. Hei ware se gestéiert ginn an hate sech duerch d’Bascht gemaach.

Op Uerder vum Parquet vun Dikrech goufen déi presuméiert Abriecher verhaft an haten Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO