
En Dënschdeg huet e Mann der direkt e puer komme gelooss.
Géint 13 Auer koum et a Clausen zu engem Accident mat Materialschued, woubäi een Auto géint e Bëtonspotto geknuppt ass. Nodeems sech d’Parteie gëeenegt haten, ass ee vun de Passagéier ausgeflippt an huet déi aner Persoune beleidegt. Dono ass de Mann an e Restaurant an der Géigend gaangen, wou hie mat de Mataarbechter unenee geroden ass an een dovun mat enger Schéier blesséiert huet.
Bei der Kontroll vum Mann hunn d’Beamte vun der Police nieft zwou Schéieren och Droge séchergestallt. Well den Drogentest positiv war, koum hie fir eng weider Kontroll an d’Spidol. Hei huet de Mann géint d’Spidolspersonal randaléiert an huet vun de Poliziste missen immobiliséiert ginn.
Nodeems de Parquet iwwert de Virfall informéiert gouf, huet dësen ordonéiert, de Mann festzehuelen an hien dem Untersuchungsriichter ze presentéieren.