
De Moment gëtt et d’Méiglechkeet vun der “Aide de relance” an der “Aide coûts non couverts”, ënnersträicht den DP-Mëttelstandsminister Lex Delles.
Vill Betriber kënnen duerch de Covid net normal funktionéieren. Ausfäll vun de Salariéen, Liwwerenkpäss an dann och nach d’Covid-Restriktioune vun der Regierung. Duerch d’Hëllefe sollen déi Betriber ënnerstëtzt ginn, déi direkt vun de Covid-Mesurë betraff sinn, seet de Lex Dellen. Zu dësen ziele virun allem den Horeca-Secteur: Restauranten, Caféen, Hoteller an den Evenementiell, also vum Traiteur bis bei den Tountechniker. Dës Hëllefe goufen am Dezember nach eng Kéier bis Enn Februar verlängert. Den Delai, fir déi nei Demande eranzereechen, leeft bis de 15. Mee.
De Moment stéingen d’Betriber am Verglach zum leschte Joer ëm dës Zäit gutt do. Et kéime manner Demandë fir Hëllefen eran. Och wann et d’lescht Joer eng Fermeture am Horeca gouf, kéint ee generell beobachten, datt d’Demanden no den Aiden iwwert déi lescht Méint erofgaange wieren. Am November sinn am Ganzen eng 76 Demandë fir d’"Aide de relance” an d’"Aide pour coûts non couverts” erakomm, am Oktober d’lescht Joer wieren dat 500 gewiescht. Dovunner 350 fir d’"Aide de relance”, Betriber, déi also eng Perte vu 25 Prozent vum Chiffre d’affaire hunn.
A verschidde Méint wiere bis zu 2.000 Demanden erakomm. Bei de Faillitte géing een iwwerdeems wärend der Pandemie permanent ënnert dem normalen Taux vu faillite leien. “Dat weist, datt d’Aiden de Betriber hëllefen, de Kapp iwwer Waasser ze halen”, betount de Minister. Hei géing awer natierlech och de Chômage partiel hëllefen.
Wéi laang d’Aiden nach sollen ausbezuelt ginn, konnt de Minister net präziséieren. Hei misst een oppassen, datt et net zu enger Concurrence déloyale géing komme par Rapport zu anere Betriber. Dofir géing d’Héicht vun den Aidë permanent un d’Situatioun ugepasst ginn.
Déi nei Erausfuerderung fir verschidde Betriber wäert elo den 2G+ am Horeca-Secteur ginn. An engem “One Shot”, wéi de Minister et bezeechent, ginn 1,5 Milliounen Tester vum 29. Dezember un zur Verfügung gestallt. Dono missten déi betraffe Betriber awer kucken, wéi se sech opstellen. Déi, déi d’Konditioun erfëlle fir d’"Aide coûts non couverts”, also eng gewësse Perte vun hirem Chiffre d’affaire hunn, kréien d’Tester awer iwwer dëse Poste bezuelt.
En nächsten Challenge wäert et fir d’Betriber ginn, wann den 3G vum 15. Januar un fir all d’Salariéë gëllt. Hei denkt de Lex Delles awer net, datt dat wäert zu gréissere Problemer féieren. Och am Horeca-Secteur gëllt fir d’Personal schonns den 3G, an do hätt dat och geklappt.