Nei Fiche presentéiertNohaltegkeetscheck - Verdréit sech e Gesetz mat der Ëmwelt oder net?

RTL Lëtzebuerg
De Premier Xavier Bettel an d'Ëmweltministesch Joelle Welfring hunn e Mëttwoch eng nei Fiche presentéiert.
Nohaltegkeetscheck - Verdréit sech e Gesetz mat der Ëmwelt oder net?
De Premier Xavier Bettel an d’Ëmweltministesch Joelle Welfring hunn e Mëttwoch eng nei Fiche presentéiert.

Nohaltegkeetscheck / Reportage François Aulner

An zwar den “Nohaltegkeetscheck”, eng Zort Formulaire, deen d’Beamte mussen ausfëllen, wa se e Gesetz oder Reglement ausschaffen. De Formulaire weist dann all den Acteuren am Instanzewee - Chamber, Staatsrot, Beruffschamberen, mee och den ONGen an de Bierger wéi d’Gesetz sech mat der Ëmwelt verdréit oder net.

Op 10 Froe muss et eng Äntwert ginn, an d’Thema ass natierlech Klima an Ëmwelt, mee och Landesplanung, Mobilitéit, sozial Inclusioun oder nach Aarmut.

D’Joelle Welfring sot si wier sécher, den Nohaltegkeetscheck géing d’Qualitéit vun de legislativen Texter verbesseren. De Xavier Bettel huet zouginn, datt et och e bësse méi Aarbecht fir d’Beamte wier, mee um Enn wier d’Aarbecht fir all déi aner am Instanzewee méi einfach.

Erfëllt e Gesetzprojet den Nohaltegkeetscheck net, da bedeit dat och net, datt d’Gesetz am Drecksbac lant. Et wier eben en Instrument, fir driwwer ze informéieren, wat den Impakt vun engem Gesetz op d’Nohaltegkeet ass. Ginn et awer emol Punkten, wou een net virukéim, da kéinten d’Beamten op en interministeriellt Departement zeréckgräifen, sou nach d’Ëmweltministesch. A wann een do nach net virukéim, da misst en Text eben zeréck an de Regierungsrot.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO