EschOch 110 Ofschloss-Schüler aus dem Lycée Hubert Clement kruten hiren Diplom

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Homeschooling, Mask am Kuer a ganz Klassen a Quarantän hunn déi eelste Schüler sech op hir Premièresexame virbereet.
Diplomiwwereechung
Tëscht Homeschooling, Mask am Cours a ganz Klassen a Quarantän hunn déi eelste
Schüler sech op hir Premièresexame virbereet.

Fir déi, déi hiert Joer och ënnert de schwéiere Bedéngunge gepackt hunn, kënnt elo d’Belounung: Den Diplom. Iwwerrescht gouf deen ënnert bal normale Konditiounen.

Et ass fir déi meeschte Schüler e ganz besonnesche Moment. Deen, wou een endlech den haart erschaffte Premières-Diplom an der Hand hält. Sou och fir déi ronn 110 Ofschloss-Schüler aus dem Lycée Hubert Clement zu Esch. Ma och wa si nach déi Klassen waren, déi bal d’ganz Joer duerften an d’Schoul goen, war et net ëmmer einfach.

“Et war natierlech e bëssen méi ëmständlech well mir esou eng Klass waren, déi ronn 4 mol heemgeschéckt gouf an dann nach 7 mol an der Schoul isoléiert war.”

“D’Joer war am Fong ganz machbar. Ech mengen, vill Proffen hunn d’Schwieregkeet vun de Prüfungen ugepasst.”

“Am Ufank war et ganz schwéier. Mir waren an enger B/C-Klass, dat heescht, mir ware gemëscht. Quasi all zweet Woch a Quarantän, mee schlussendlech ass et awer gutt ausgaangen.”

De Schüler, eng bal normal Diplomiwwereechung ze erméiglechen, war immens wichteg. Kee Mask dobannen an zesumme mat der Famill kommen, war erlaabt. Dofir gouf et virdrun awer e Covid-Check oder et huet ee sur Place e Schnelltest gemaach.

Den Diplom manner wäert, well de Programm bëssen ugepasst gouf? Dat géif een net esou gesinn.

Claude Meisch, Educatiounsminister:

“D’Enseignanten, Direktiounen, mir am Ministère hunn natierlech alles drugesat, dass all Ofschloss-Klassen dee Bagage matkréien, dee se brauchen, awer och dass et en fairen Examen ass, dass se sech gutt konnte preparéieren. Gläichzäiteg awer och, dass deen Diplom säi volle Wäert huet. Ech denken, dat ass eis alleguer zesumme gutt gelongen.”

Fir d’Primaner gëllt et elo an d'Zukunft kucken, entscheeden, wéi de Wee weidergeet. Wärend enger sanitärer Krise ass dëst bestëmmt net einfach. Hei am Lycee Hubert Clement léisst ee sech awer net ofschrecken.

“Definitv e Studium. Ech muss just nach kucken wouhinner. Bis elo Uni.lu oder Bréissel.”

“Ech géing gär Medezin studéieren. Ech sinn schonn hei op der Uni.lu ugemellt, Bréissel och. Ech kucken einfach wei et elo weidergeet.”

De Bléck an d’Zukunft kann awer na bëssen waarden. D’Ofschloss-Schüler wäerte fir d’éischt mol hire wuelverdéngten Diplom feieren.

Back to Top
CIM LOGO