„Mir hätte gären, dass eise Minister eis Suen an eis Zukunft vun eise Kanner esou investéiert, dass eis Welt dat och nach matkritt“, esou de Vertrieder vu Greenpeace um Méindeg de Moien um Verwaltungsgeriicht. Et war schonn déi zweete Ronn viru Geriicht am Sträit tëscht der Ëmweltorganisatioun an dem Sozialminister Romain Schneider. Juristesch gesinn, huet de Minister refuséiert op e Bréif vun der Organisatioun ze äntweren. Ma dohannert stécht en Debat iwwert d’Investissementer vum Pensiounsfong.
Uganks August hat Greenpeace e Bréif un de Minister geschéckt fir weider Informatiounen, a wéi eng Entreprisen de Pensiounsfong investéiert a wéi riskant dës Investitioune sinn.
Op de Bréif vu Greenpeace huet de Minister allerdéngs ni geäntwert, wat d’Organisatioun esou net op sech wollt sëtze loossen. Si ass mat der Affär op d’Verwaltungsgeriicht gaangen, fir de Minister ze forcéieren op hir Froen ze äntweren.
Hannergrond vun der Ufro vu Greenpeace ass allerdéngs de Reproche, dass de Pensiounsfong och a klimaschiedlech Energie géif investéieren, wéi den Affekot vun der Organisatioun, de Maître Philippe Penning, erkläert.
Mir héieren hei wärend de Plaidoyeren, datt de Minister seet: Ech brauch mech u keng Considérations environnementales ze halen. Dat ass net a menger Missioun a seet de Fonds de pension hätt och iwwerhaapt keng Obligatioun sech un déi Saachen ze halen. Dat heescht de Minister seet eis: Circulez et il n’y a rien à voir, ech maache mat mengen Investitiounen, wat ech wëll. Mir soen: Dat kann dach net sinn. Lëtzebuerg ënnerschreift den Accord de Paris an da geet eise Minister a Shell, Total, BP an all déi Konsorten do eis Sue vun eise Pensiounen investéieren.
D’Géigesäit argumentéiert, dass et net d’Aufgab vu Greenpeace als Asbl wier, sech Gedanken ëm déi finanziell Risike vum Kompensatiounsfong ze maachen. Hir Aufgab wier et sech ëm den Natur- an Ëmweltschutz ze këmmeren.
De Kompensatiounsfong op der anerer Säit géif an éischter Linn dofir suergen, dass d’Finanzéierung vum Pensiounssystem assuréiert ass, a misst sech deemno net ëm den Natur- an Ëmweltschutz bekëmmeren.
Derbäi koum um Méindeg d’Argument, dass de Minister iwwerhaapt net déi néideg Informatiounen hätt fir op d’Hallschent vun de gestallte Froen ze äntweren, respektiv wieren dës ze vague gewiescht. En Urteel gëtt sech fir nächsten Dënschdeg erwaart.
RTL NEWS: Greenpeace vs Romain Schneider geet an eng weider Ronn