
Eng 1. Kéier, well et kënnt, wéi de President vum Verwaltungsgeriicht zu engem gewëssene Moment sot, zu enger „session de rattrapage“.
D’Ëmweltorganisatioun war op den Tribunal administratif gaangen, well de Minister vun der Sécurité sociale refuséiert hat, hir Informatiounen am Zesummenhank mat Investissementer vum Kompensatiounsfong ze ginn. Greenpeace hat den 1. August en entspriechende Bréif erausgeschéckt, op deen de Romain Schneider net geäntwert hat. Wat dem President vum Verwaltungsgeriicht net gefall huet.
Direkt e puermol huet de Mann nämlech en Dënschdeg de Moie gemengt, de Minister hätt eng gesetzlech Flicht, fir z’äntweren. Dobäi hätt de Romain Schneider kuerz drop an engem Communiqué vun Transparenz an Dialogbereetschaft geschwat. Dofir hätt de Minister Zäit gehat, war d’Äntwert vum President vum Tribunal administratif op d’Remark vun der Vertriederin vum Staat, dass am August Leit an der Vakanz gewiescht wären. „Hei waren och Leit an der Vakanz!“, huet de President betount.
D’Vertriederin vum Staat huet doropshin ze bedenke ginn, dass d’Ëmweltorganisatioun Informatioune gefrot hätt, fir d’finanziell Risike vum Kompensatiounsfong z’evaluéieren. Als asbl hätt Greenpeace sech awer keng Gedanken doriwwer ze maachen, mä den Natur- an Ëmweltschutz als Zil. D’Haaptmissioun vum Kompensatiounsfong wär déi, fir d’Weiderbestoe vum Pensiounssystem ze suergen, an net den Natur- an Ëmweltschutz, sou d’Vertriederin vum Staat.
Wouropshin de President vum Verwaltungsgeriicht nees ënnerstrach huet, dass de Romain Schneider net geäntwert hätt, trotz senger Obligatioun dofir. Virun deem Hannergrond huet hien der Vertriederin vum Staat un d’Häerz geluecht, eng Note de plaidoiries ë.a. dozou virzeleeën, ob de Minister Informatiounen ze ginn huet, déi net mat Ëmweltschutz ze dinn hunn. Wat de Me Philippe Penning als Affekot vu Greenpeace dozou bruecht huet z’erklären, et hätt een Informatioune gefrot, déi net um Site vum Kompensatiounsfong stinn. „Et ass um Minister, fir den Tri ze maachen, an de Minister soll d’Gesetz ganz genee kucken!“, huet de President vum Tribunal administratif nach emol ervirgehuewen.
Dës Affär geet also an eng weider Ronn.