
Dat ass hir Haaptaktivitéit. Si ginn och op Plaze kontrolléieren, wou si gemellt kréien, datt et eventuell Problemer bei der Haltung vun esou Déiere ginn. Och Déieren, déi confisquéiert gi sinn, kommen bei si, esou huet eis d’Cathy Laroche verroden. Bis elo sinn dat 37 Schof, 2 Geessen, 4 Ponyen an och 4 Hënn. Entweder ginn och déi Déieren vermëttelt oder si bleiwen de Recht vun hirem Liewen bei de Memberen vun der Associatioun.
D’Asbl fënnt net fir all Déieren en neit Doheem. Dat huet méi Grënn: hir Uspréch, wéi en Déier soll gehale ginn, sinn héich: e Päerd soll an en oppene Stall kommen, d’Schof ginn net vermëttelt fir da geschluecht ze ginn an e grousst Geheege soll et scho sinn fir d’Vullen, d’Nagedéeiren an och d’Kanéngercher. Déiere sollen et gutt hunn, do wou si hi kommen. Dann bleiwen déi Déieren, déi al an oder krank sinn, oder Verhalensproblemer hunn bei hinnen. Déi 3 aktiv Memberen vun der Asbl hunn dann duerch al dat de meeschte Schof, Geessen a Gefligel, déi si opgeholl hunn, en definitiivt Doheem ginn. Genee sou ass et och fir zwee krank Ieselen, fir e krankt Pony, fir en alt Päerd, wou déi mannerjäreg Ierwen et net hale konnten. Zwee Muppen sinn och net vermëttelbar duerch hir Verhalensproblemer.
D’Iddi vun esou enger Associatioun ass 2006 entstanen, nodeems 18 Schof vun engem Bauer duerch eng Saisie bei hinnen ënnerbruecht gi sinn. Eng weider Saisie vun enger Partie Geessen, huet den Ausléiser ginn fir 2008 d’Asbl ze grënnen. Déi Geessen waren do schlecht gehale ginn, an duerno dann bei enger Stee ganz bëlleg un en Händler verkaaft ginn. Déieren an Nout versicht z’intervenéieren fir den Déieren dann e bessert Liewen ze bidden.
D’Associatioun huet och déi néideg Autorisatioun fir Notzdéieren opzehuelen, esou wéi d’Gesetz vum 27. Juni 2018 et am Artikel 6, Paragraph 2, Punkt 7 virgesäit. Fir Schwäin a fir Widerkäuer hunn si och eng Sanitel Häerdennummer.
Déi kleng Asbl kritt sech finanziell mat Spenden, duerch Adoptiounstaxen an och duerch eege Mëttel iwwer Waasser gehal.