Covid-RestriktiounenOch fir Jugendlecher gëllt den 2G+ am Kino

Anne Wolff
Et ass Chrëschtvakanz a schlecht Wieder. Ideal also fir an de Kino ze goen. Hei erliewen déi Jonk dann awer dacks eng Iwwerraschung.
2G+ fir Jugendlecher am Kino
Chrëschtvakanz a schlecht Wieder - ideal fir an de Kino. Ma och fir Jugendlecher gëllt den 2G+ am Kino.

Groussen Undrang op dësem verreenten Nomëtteg am Kinepolis um Kierchbierg. Den neie Spiderman leeft an déi Jonk freeë sech op hire Film. Beim CovidCkeck gi si dann awer ëmgedréint: 2G+ gëllt elo vun 12 Joer un.

2G+ am Kino / Rep. Pit Everling & Monica Camposeo

Bedeit fir déi Jonk: Den 2G+ gëllt elo och fir si, dat heescht zwou Impfdosissen oder geheelt ze sinn, ginn net méi duer. Si mussen zousätzlech e Schnelltest maachen.

Den Edgar da Mota vu Kinepolis erkläert, et wier ee mam Reglement iwwerrascht ginn. An der Tëschenzäit wieren d‘Schnelltester vun der Regierung awer ukomm: Mir hunn eng “Testingszone” ageriicht. Hei kënnen all d‘Clienten, déi retabléiert sinn oder just zwou Dosissen hunn, hire Schnelltest maachen. Déi si gratis.”

Och wann déi Jugendlech geimpft sinn, dierfe se momentan nach keng 3. Dosis kréien. D‘Reaktiounen op déi nei Reegele sinn dowéinst gemëscht. Déi eng fille sech penaliséiert, anerer hu Versteesdemech fir d‘Situatioun a fannen d’Testflicht an der Rei.

Ganz ouni Vaccin oder Zertifikat, datt ee geheelt ass, zéien déi Jugendlech och elo beim 2G+ de Kierzeren. En Test eleng geet och fir Mannerjäreger net méi duer, fir an de Kino ze goen. Konfusioun an Ierger also bei de Clienten, ma och fir de Kino ass den 2G+ en organisatoreschen Opwand, deen Zäit a Personal kascht.

Back to Top
CIM LOGO