
Dat ass en Tosch vun Terrainen, deen de Minister kéint imposéieren. D’Chamberkommissioun fir bannenzegt Affären huet sech mat neie weideren Amendementer beschäftegt. No der Reunioun, déi iwwerdroe gouf, steet eppes fest: Bauprojete realiséieren, wäert och mam neien Instrument Geknéchels bleiwen.
D’DP-Deputée-Maire aus der Stad Lydie Polfer huet hir Erfarung mat komplizéierte Bauprojeten, mee och hir Suerg fir d’Besëtzer ënner Beweis gestallt: “Wann dann eppes proposéiert géing ginn, wou awer deen, deen am Ufank d’accord war, datt deen net d’accord ass mat deem Tosch, huet deen dann iergendwéi e Moyen, fir dogéint ze sinn?”
De Frank Goeders, Chef vum Departement vum Gemengenamenagement am Inneministère huet geäntwert, datt de Reklamatiounsmechanismus formell virgesinn ass. “An der Praxis wäert ganz vill musse weider mateneen diskutéiert ginn”, sou nach den héije Beamten. Hie sot och, d’Hoffnung wier, datt bei der éischter Versammlung tëscht Ministère a Besëtzer ee Projet kéint “deblockéieren”.
D’Beamte vum Inneministère hu betount, datt d’Expropriatioun just eng Optioun bleift, wann et och en “Intérêt public” gëtt, esou ewéi d’Verfassung virgesäit. “Et kritt keen eppes ewechgeholl”, esou de Frank Goeders. De Remembrement ministériel wier e “forcéierten Echange”.
Den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet gefrot, wat kéint gemaach ginn, wa bei engem Terrain e Sträit tëscht e puer Ierwen ass. De Frank Goeders sot, et géing keng Nuance gemaach ginn, mee hien huet an deem Zesummenhang matgedeelt, datt d’Regierung aktuell “haart” géing driwwer nodenken, fir Terrainen am Kader vu Remembrementen opzekafen.
De Rapporter vum Gesetz, den CSV-Deputéierte Marc Lies, laang Zäit Buergermeeschter vun Hesper, kann och e Lidd iwwer Blockagen an Nimby op Gemengenniveau sangen. Hien huet sech ënnert anerem gefrot, wat virgesinn ass a punkto Infrastrukturkäschten. Bei neie Projeten iwwerhuelen d’Besëtzer déi. Ma an déi, déi méi spéit eréischt un där neier Strooss Wunnenge bauen?
D’Lydie Polfer huet d’Beamten an d’Deputéiert mat hirer Erfarung nees impressionéiert an erkläert, ewéi d’Stad Lëtzebuerg et mécht: D’Gemeng prefinanzéiert den Deel vum Besëtzer, dee beim Projet net matmécht, mee dee bezilt och de Präis zeréck, wann e selwer méi spéit eng Kéier baut – an zwar ugepasst un der Evolutioun vun de Baukäschten. Dat misst awer an enger Convention de mise en oeuvre kloer sinn, sou nach d’Stater Buergermeeschtesch an DP-Deputéiert.
An dat alles ware nieft steierleche Froe just e puer vun de komplexen Detailer vum Remembrement ministériel, mat deene sech d’Chamber an de Staatsrot weider musse beschäftegen. An et et si just e puer vun de Komplexitéiten vum allgemengen Amenagement a vun der Entwécklung vu Bauprojeten.