
D’Gewerkschaften LCGB an OGBL fannen et iwwerdeems inakzeptabel, dass d’Personaldelegatioun an d’Gewerkschafte just eng Stonn virum Personal iwwert dës Pläng informéiert gouf. Si refuséieren och all Negociatiounen iwwert e méigleche Sozialplang. Am Géigesaz fuerdere si e Plan de maintien dans l’emploi, fir z’evitéieren, dass esou vill Leit hir Aarbecht verléieren. Zum Beispill mat Preretraiten a Formatiounen. Well d’Situatioun esou eescht an akut ass, fuerderen LCGB an OGBL vun der Direktioun, sech mat der Vertrieder vun den zoustännege Ministèren zesummen ze sëtzen.