Domadder ass d'Luxembourg Pride-Woch lancéiert, déi bis de Weekend leeft.
Dës ganz Woch lafe Manifestatiounen, déi Rosa Lëtzebuerg zesumme mat Partner organiséiert. E Méindeg den Owend huet d'Pride Week ugefaange mat enger Commemoratiounszeremonie op der Place de la résistance zu Esch, fir un d'Affer vun Homo- Bi- Trans oder Intersex-phobie ze gedenken.
Et si jo dëst Joer genee 50 Joer, dass et an der Christopher Street zu New York eng Razzia géint Homosexueller gouf, wouraus de Pride March entstanen ass an et si genee 20 Joer hier, dass sech dëse Mouvement och hei am Land a Beweegung gesat huet.
De Premier huet e Méindeg bei senger Usproch zu Esch mat ganz perséinleche Wierder u Jonker appelléiert, zu hirer Homosexualitéit ze stoen a veruerteelt, dass et nach ëmmer Regimmer ginn, wou Schwuler verfollegt ginn.
E Samschdeg ass déi traditionell Parad. Am Escher Theater ass iwwerdeems nach eng Expo.