Deels 15 Joer al"Ofgelafe" Iod-Pëllen an der Gemeng Jonglënster?

RTL Lëtzebuerg
Am Fall vun enger nuklearer Katastroph gëtt geroden, IOD-Pëllen ze huelen. Ma wéi gesäit et aus, wann dës Pëllen scho Joren um Bockel hunn?
© AFP

RTL gouf vun engem Bierger aus der Gemeng Jonglënster kontaktéiert. Grond waren Iod-Pëllen, déi an der Gemeng verdeelt gi waren. Den Hoken bei der Saach wier, dass dës op den éischte Bléck “ofgelaf” wieren, esou d’Persoun déi eis kontaktéiert huet. Sie wollt iwwerdeems wëssen, op sou al Iod-Pëlle ongesond wieren.

Fir Kloerheet ze schafen a Mëssverständnesser z’evitéieren, hunn mir bei engem Apdikter nogefrot. Hei krute mir matgedeelt, dass de “Kaliumiodid”, de Salz, aus dem sech de Iod zesummesetzt, net oflafe kann.

“Am Noutfall klappt dat also”, sot eis den Apdikter. Grond zur Panik gëtt et dohier keen, Iod-Pëllen kënnen net schlecht ginn oder schiedlech fir d’Gesondheet sinn.

Op der Foto erkennt een dann och, dass um Pak vun de Pëllen 3 Zeile stinn. An der 1. Zeil steet d’Identifikatiounsnummer (Nombre du lot), drënner steet d’Chargenummer, also den Datum, op deem se hiergestallt goufen an an der 3. Zeil steet normalerweis den Oflafdatum, wou awer an dësem Fall näischt steet, sou den Apdikter, bei deem mer nogefrot hunn.

Op Nofro huet och de Buergermeeschter vu Jonglënster, de Romain Reitz confirméiert, datt et sech ëm den Hierstellungsdatum handelt, deen op der Këscht steet.

D’Verdeele vun Iod wier eng reng präventiv Mesure, all Haushalt zu Jonglënster hätt esou Pëlle kritt. Am Schreiwes dat bäilouch, stoung, datt een de Iod net einfach esou soll huelen.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO