
An der Lutte géint de Mënschenhandel hunn den onofhängege Gewerkschaftsbond an d'Mënscherechtskommissioun de Point iwwert déi aktuell Situatioun gemaach a virun allem gekuckt wéi eng Léisungen et am Beräich vun der Aarbecht ginn. Dat schreift den OGBL an engem Communiqué en Donneschdeg.
Dem OGBL an der CCDH no mussen engersäits Administratioune wéi d'ITM oder awer d'Douane déi néideg Moyene kréien, fir esou séier wéi méiglech géint Leit virzegoen, déi Mënschen exploitéieren.
Anersäits misst och e méi grousse Wäert op d'Sensibilisatioun an d'Formatioun geluecht ginn. Aus deem Grond hunn den OGBL an d'CCDH decidéiert, fir spezifesch Formatiounen an deem Domaine den Delegéierten a Salariéeën unzebidden.