Verhandlungen iwwer Kollektivvertrag hänke festOGBL an LCGB schalte bei der Cargolux d'Conciliatioun an

RTL Lëtzebuerg
D'Direktioun wier net bereet, seriö Verhandlungen ze féieren, ass an engem gemeinsame Schreiwes vun de Syndikater ze liesen.
© RTL

Trotz risegen Netto-Beneficer vu 770 Milliounen Euro am Joer 2020 an 1,3 Milliarden Euro am Joer 2021, grad ewéi engem erwaarte Rekordjoer 2022, géif d’Direktioun all Demande no méi Pai an enger nohalteger Verbesserung vun de Aarbechtskonditioune kategoresch refuséieren, heescht et vun de Syndikater.

D’Verhandlunge géifen deemno an enger Sakgaass stiechen. Dowéinst hätte sech d’Gewerkschaften dozou entscheet, d’Conciliatioun anzeschalten.

De Communiqué vun deenen zwou Gewerkschaften.

Back to Top
CIM LOGO