AmpacetOGBL denoncéiert "Attacke géint d'Streikrecht, déi net ze toleréiere sinn"

RTL Lëtzebuerg
Den OGBL huet e Mëttwochmëtteg matgedeelt, datt d'Direktioun bei Ampacet versicht huet, déi Salariéeën, déi streiken, vum Terrain ze verdreiwen.
© Annick Goerens

Dat via Référé um Geriicht. E Mëttwochmoien hätt d’Direktioun da versicht, mat Interimsaarbechter d’Salariéen z’ersetzen. De Streik gouf e Méindeg bei Ampacet lancéiert, well d’Direktioun de Kollektivvertrag unilateral gekënnegt hat. Den OGBL rifft d’Leit op, aus Solidaritéit um Protestpiquet en Donneschdeg um 15 Auer deelzehuelen.

Communiqué vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO