
Et gëtt eng global Augmentatioun vu 5 Prozent gefrot, da sollt awer och iwwert eng Reduzéierung vun der Aarbechtszäit diskutéiert ginn. Den Evaluatiouns- a Performance-System sollt ofgeschaaft ginn, sou eng weider Revendicatioun.
Bei der personeller Representatioun sollten d’Salariéë mat de Fonctionnairen a Employéë gläichgestallt a verschidde Karriäre bei der Police sollten onbedéngt revaloriséiert ginn.
Dat si just e puer Elementer aus dem Fuerderungskatalog, deen den onofhängege Gewerkschaftsbond dem zoustännege Minister fir den ëffentlechen Déngscht Marc Hansen zoukomme gelooss huet.
Den OGBL bedauert, datt den Accord jo hanner zouenen Diere mat der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP wäert ausgehandelt ginn. Dausende Leit aus dem ëffentleche Secteur géifen awer vun dësen Negociatiounen ofhänken, ewéi d’Mataarbechter vun den CFL, der Post, de Gemengen asw.
Dofir sollt dat Ofkommes fir de ganze Secteur public verhandelt ginn an och den OGBL sollt do mat um Dësch sëtzen.
An der Zeitung “Fonction publique” verlaangt d’CGFP iwwregens och eng Erhéijung vum Punktwäert. Déi Fuerderung wier am Nationalcomité zeréckbehale ginn