NationalcomitéOGBL: Mir brauchen d'Tripartite

Claudia Kollwelter
Tim Morizet
"Eise Wee aus der Kris geet nëmmen iwwert eng Lutte géint d'Inegalitéiten", datt ass de Motto fir d'Joer 2021 vum onofhängege Gewerkschaftsbond.
OGBL: Mir brauchen d'Tripartite
"Eise Wee aus der Kris geet nëmmen iwwert eng Lutte géint d'Inegalitéiten" datt ass de Motto fir d'Joer 2021 vum onofhängege Gewerkschaftsbond.

"Mir wënschen eis e gudden a konstruktiven Sozialdialog!", dat huet d'Presidentin vum OGBL Nora Back nom Nationalcomité vum onofhängege Gewerkschaftsbond betount. Engersäits gouf zréckgekuckt op d'Joer, wat vun der Pandemie bestëmmt war, anersäits awer och d'Prioritéite fir dëst Joer festgehalen. An do geet et der Gewerkschaft virop drëm, d'Inegalitéiten an eiser Gesellschaft ze minimiséieren.

OGBL: Mir brauchen d'Tripartite / Rep. C. Kollwelter

Dofir zielt d'Ofsécherung vun den Aarbechtsplazen an de Logement och zu de Prioritéiten vum OGBL. Och déi sozial Versécherung misst staark bleiwen, huet d'Nora Back ënnerstrach. E spezifesche Punkt wier do de Remboursement vun Doktesch-Rechnungen, wou et momentan nach Delaie vu 6 bis 8 Woche ginn. D'Gewerkschaft bedauert, datt et nach ëmmer keen tiers payant gëtt:

Mee da muss wéinstens dee Problem aus der Welt geschaf ginn. Et kann net sinn, datt aus administrative Grënn gesot gëtt: Mir hunn net genuch Personal oder mir kréien datt net hin, fir déi Facturen méi schnell ze rembourséieren. Do fuerdere mer d'CNS op, déi Leit dohin ze sëtzen, déi néideg sinn, fir deem Problem entgéint ze kommen. Grad elo wou et finanziell Aboussen a Lounverloschter fir Menagen a Leit goufen.

Den OGBL fuerdert dann och en Horesca-Dësch, wou zesumme mat de Patronen an der Regierung no Léisunge fir de Secteur gesicht gëtt. D'Hëllefe missten do sinn, fir d'Betriber ze retten, mee d'Personal dierft awer och net vergiess ginn:

Hannert deene Betriber stiechen Dausenden an Dausende Salariéeën, där hir berufflech Zukunft méi wéi onsécher ass an déi virun Existenz-Ängschte stinn. Mir mussen dofir suergen, datt déi Aarbechtsplazen erhale bleiwen, datt déi Hëllefen u sozial Konditioune gekoppelt ginn.

Den OGBL huet d'Corona-Mesurë vun Ufank u bewosst net kommentéiert a matgedroen, mee et géif ëmmer méi schwéier ginn, Akzeptanz an der Gesellschaft ze fannen - et misst dowéinst onbedéngt mat de Leit geschwat ginn. E Sozialdialog wier onëmgänglech:

An dofir brauche mir déi Tripartite. A mir erënneren drun, datt mer versprach kruten, datt et nach zu Tripartitte kënnt. Eng Tripartite ass keng eemoleg Geschicht. Mir brauchen e reegelméissegen Austausch op Tripartite-Niveau.

Bis ewell huet d'Regierung allerdéngs just op en Austausch iwwert d'Impfstrategie verwisen, wat den OGBL zwar begréisst, mee dat eleng géif net duer goen sot d'Nora Back. De sozial Dialog wier wichteg fir jiddereen.

Back to Top
CIM LOGO