NationalcomitéOGBL: Zu Lëtzebuerg dierfe Feeler vu Politik a Frankräich net widderholl ginn

Marc Hoscheid
Pierre Jans
Et gouf eng Analys vun der politescher, ekonomescher a sozialer Situatioun gemaach, déi d’Presidentin Nora Back der Press presentéiert huet.
Nationalcomité vum OGBL
Zu Lëtzebuerg dierfe Feeler vu Politik a Frankräich net widderholl ginn

Mat Bléck op den éischten Tour vun de Parlamentswalen a Frankräich géing ee sech Gedanke maachen. Et wier een net politesch neutral an et géing een ee Barrage zur extremer Rechter fuerderen. Datt de Rassemblement national esou staark ginn ass, wier d’Konsequenz vun enger Politik, bei där d’Mënsche vun de politeschen Decisiounen ausgeschloss goufen. Zu Lëtzebuerg dierften déi Feeler net widderholl ginn. Dowéinst misst um Sozialdialog festgehalen an derfir gesuergt ginn, datt d’Inegalitéiten net weider méi grouss ginn, heescht er vum OGBL.

Et géing een et zwar begréissen, datt am Etat de la nation vill vu Kanneraarmut geschwat gouf, mee déi kéint een awer net just mat der Simplification administrative bekämpfen. Et misst ee vill méi bei der Aarmut vun den Elteren usetzen. Fir déi no ënnen ze drécken, misst zum Beispill de Mindestloun gehéicht ginn. Et misst och endlech zu enger grousser Steierreform kommen. D’Steiere wieren nämlech de beschte Wee, fir d’Schéier tëscht Aarm a Räich méi kleng ze kréien. Ma bis elo hätte virun allem d’Entreprise Versprieche gemaach kritt. Eng weider Fuerderung vum OGBL ass, datt d’Steiertabell automatesch un d’Inflatioun ugepasst gëtt, fir déi kal Progressioun ze evitéieren.

D’Steierreform war jo vun der viregter Regierung annoncéiert, awer ni realiséiert ginn. D’CSV-DP-Regierung wier bis elo nach zimmlech vage bliwwen. Just d’Betriber hätte scho Steiererliichterungen an Aussiicht gestallt kritt. Bei de Salariée géing dat iwwerdeems anescht ausgesinn: “Bei de Personnes physiques gëtt weder gesot, datt déi ënnescht Revenusklasse solle manner besteiert ginn, et gëtt nach gesot, datt de Mëttelstandsbockel soll ofgeflaacht ginn, an et gëtt scho guer net gesot, datt déi iewescht Revenusklasse solle méi besteiert gi mat der aktueller Regierung. Et gëtt och net gesot, datt d’Kapital an de Patrimoine méi besteiert solle ginn, de Contraire passéiert eigentlech mat weidere fiskalesche Cadeauen. Beispiller dofir sinn d’Primme participative, de Regime des impatriés, déi verbessert solle ginn. Dat sinn am Fong falsch Signaler.”

Mat Bléck op d’Situatioun um Logementsmarché misst méi géint d’Spekulatioun gemaach an een Deckel fir d’Loyeren agefouert ginn.

Beim Thema Ëmweltschutz wier et wichteg, datt de soziale Volet net vergiess gëtt. Leit mat décken Autoe misste méi bezuele wéi Leit mat engem klengen Auto. D’Auslafeloosse vun den Energiedeckele géing vill Stéit finanziell haart treffen.

D’Annonce vun enger Rentereform hätt ee bei der Gewerkschaft iwwerrascht an och rose gemaach. Wann ee seriö iwwert d’Rente schwätze wéilt, dierft een net einfach an d’Press goen, mee et misst een de Kontakt mat de Sozialpartner sichen. Eng Verschlechterung vun de Leeschtungen an een Erhéije vum Rentenantrëttsalter wiere mam OGBL awer op kee Fall ze maachen. Mat 27 Milliarden Euro hätt ee genuch Reserven an déi negativ Prognose vun deenen hirer Entwécklung, déi reegelméisseg ernimmt géifen, wiere falsch.

Mat Bléck op d’Aarbechtsrecht huet d’Nora Back ënnerstrach, datt dat net derfir do wier, d’Kompetitivitéit vun de Betriber ze erhéijen. Et bräicht een neit Kollektivvertragsgesetz, fir méi Contracts collectifs ze kréien. Et wier net akzeptabel, datt d’Gewerkschafte beim Aushandele vun de Kollektivverträg ausgeschloss solle ginn. D’Frontalieren dierften iwwerdeems net vis-à-vis vun de Salariéen, déi zu Lëtzebuerg wunnen, benodeelegt ginn. Als Beispill gouf d’Besteierung vun de Sonndesstonne vun däitsche Grenzgänger genannt. Leider géing sech undeiten, datt eng änlech Situatioun mat Frankräich entstoen dierft.

Back to Top
CIM LOGO