"Den Omudsman ass net méi ewech ze denken". Dat ass eng Ausso, déi e Mëttwoch de Mëtteg méi ewéi eng Kéier widderholl gouf, wéi d'Chamber an enger Orientatiounsdebatt iwwert de Rapport vum Ombudsman vun 2018 diskutéiert huet.
D'Deputéiert hunn ënner anerem méi Kompetenze fir den Ombudsman gefuerdert an eng besser Zesummenaarbecht mat all de Gemengen.
Déi Zesummenaarbecht fonctionéiert elo scho mat der Majoritéit vun deenen 102 Gemenge gutt, mä, an dat hat d'Ombdsman Claudia Monti och an hirem Rapport ervirgestrach, et gi verschidde Gemengen, déi sech ëmmer erëm striewen, fir mam Ombudsman a senge Leit zesummenzeschaffen.
D'Deputéiert ware sech driwwer eens, datt dat net geet, wéi ënnert anerem de Marc Hansen vun déi Gréng betount huet:
"Et kann net sinn, dass den Dialog mam Ombudsman carrement verweigert gëtt, déi jo am Sënn vum Bierger schafft, wat och d'Missioun un den ugesprachene Gemenge misst sinn."
D'Claudia Monti hat schonn am Februar betount, datt an engem nächste Rapport d'Nimm vun deene betraffene Gemenge kéinte publizéiert ginn, wa sech d'Zesummenaarbecht net verbessert.
Bei de Recommandatiounen, déi den Ombudsman a sengem Rapport gemaach huet, ass eng Doleance, déi et schonn zënter Jore gëtt. D'Mediateur wënscht sech, och kënne bei privaten Etablissementer aktiv ze ginn, déi hir Revenuen zum Deel oder och ganz vum Staat kréien. De Fränk Colabianchi vun der DP:
"Also zum Beispill an Altersheemer, Kannerheemer, Foyeren fir Demandeurs de protection nationale oder och Personnes à besoin spécifique, an iwwerhaapt am ganze konventionéierte Beräich. D'Gesetz vum 22. August 2003 schléisst dëse Secteur aus de Kompetenze vum Ombudsman aus. Vun do kéimen awer reegelméisseg Nout-Appeller vu Leit, déi an deenen Ariichtunge liewen an déi schlecht dru sinn, ënnersträicht den Ombudsman."
D'Deputéiert waren duerch d'Bänk der Meenung, datt ee sech muss Gedanken driwwer maachen, fir dem Ombudsman och an deem Beräich méi Kompetenzen ze ginn. De Paul Galles vun der CSV huet drun erënnert, datt ee sech ëmmer soll virun Aen halen, datt hanner all de Reklamatiounen am Service vum Ombudsman Mënsche mat Froe stinn, déi fir si enorm wichteg sinn:
"Froen, déi vun eise Bierger a Biergerinnen oft d'Zefriddenheet vun hirem Liewen ausmaachen an déi och direkt mat hirer Würd a mat hirem Gléck ze dinn hunn. En ech fannen et ganz wichteg, dass mer mierken an, dass mer och bemierken, dass mer mat Mënschen ze dinn hunn, déi vum Staat wierklech eppes erwaarden. Déi op d'Institutiounen, de Staat, d'Gemengen an d'Ministère waarden, well dorun en Deel vun hirer Zefriddenheet an hirem Gléck hänkt."
Als Rappell, 2018 goufen et eng 950 Reklamatioune vun deenen der iwwer 300 als recevabel zeréckbehalen goufen. Dovunner konnt den Ombudsman 3/4 vun de Problemer léisen.