ZeienopruffOnbekannten huet am Januar mat e puer geklaute Kaarte Suen opgehuewen

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht den Ament no engem onbekannte Mann, deen an der Nuecht vum 15. Januar 2020 e puer Bancomatskaarten aus engem Auto zu Veianen geklaut huet.
© Police

Mat de geklaute Kaarten huet de Mann duerno zu Wäiswampech op engem Bankomat Suen opgehuewen.

Sämtlech Informatiounen iwwert de Mann op de Biller vun der Iwwerwaachungskamera si fir d'Police vun Dikrech-Veianen um +352 244 80 1000 oder per E-Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu.

© Police

Back to Top
CIM LOGO