“D’Kanner verstinn nach net, wisou hir Elteren esou vill musse schaffen.” Dat sot d’Manuela Barilozzi en Dënschdeg de Moien an der Chamber. Si huet d’Petitioun lancéiert, déi staatlech Ënnerstëtzung fuerdert, fir dass een Elterendeel – egal ob Mamm oder Papp – kann hallef oder manner schaffe goen. D’Kanner géingen dorënner leiden, wann déi zwee Elterendeeler schaffen a si vu moies bis owes musse betreit ginn, a quasi guer net bei sech doheem kënnen zur Rou kommen, esou d’Petitionärin an hirer Ried. Hire Papp, deen dacks fir d’Betreiung aspréngt, esou wéi hir Schwëster, waren och an der Chamber mat dobäi.
Et géing hir net dorëms goen, dass Eltere komplett ophale mat schaffen, huet d’Securitéitsagentin ëmmer nees betount. Si selwer kéint sech dat och net virstellen a wéilt dat och guer net. Mee zum Beispill géing eng Schaffwoch vun 30 Stonnen amplaz 40 de Famillje schonn immens vill bréngen. Ouni finanziellen Ausgläich wier dat awer fir vill Famillje guer net machbar.
Betreiungsstrukture waren och Thema am Debat
Iwwer 600 Kanner sinn op der Waardelëscht fir eng Maison Relais a wëssen net wouhin, esou de Piratendeputéierte Marc Goergen. Hien huet der Petitionärin d’Fro gestallt, wéi e Montant si sech als adequat virstellt. Betreiungsstrukture si jo fir d’Eltere gratis, wat scho gutt wier, esou d’Manuela Barilozzi. Ma als Entschiedegung stellt si sech éischter e Montant vir, deen un de Salaire geknäppt ass. Net jiddereen hätt nämlech déi nämmlecht Ausgaben.
Op d’Fro vum Georges Engel, LSAP, zu der finanzieller Ënnerstëtzung hunn d’Manuela Barilozzi, esou wéi hire Papp betount, dass et schwéier ass net Vollzäit ze schaffen ouni finanziellen Ausgläich. “Et muss ee jo awer nach iwwer d’Ronne kommen”, esou d’Petitionärin. D’Recht op 4 Stonnen Elterenzäit, esou wéi déi nei Regierung et virgesäit, géinge Familljen déi net esou vill verdéngen, näischt bréngen, esou d’Mamm vun zwee Kanner.
Eng Kritik vun der Petitionärin waren och d’Auerzäite vun de Betreiungsstrukturen. Ma dës kéinte vun de Gemengen erweidert ginn, huet et vun enger Partie Deputéierte geheescht. Den LSAP-Deputéierte Georges Engel huet d’Elteren dozou opgefuerdert sech un hir Gemeng ze wenden, wann et zum Beispill mat den Auerzäite vun de Betreiungsstrukturen net opgeet. Esou och wa Plaze sollte feelen. Op nationalem Niveau wier ee gutt opgestallt, ma a verschiddene Gemenge kéint et mol zu Problemer kommen.
D’Barbara Agostino, DP, huet vun hirer Erfarung aus Crèchen a Maison Relaise geschwat. Et wier och fir Kanner mat Besoins Spécifiques eng Beräicherung mat anere Kanner an enger Betreiungsstruktur ze sinn. Doheem wieren och d’Elteren dacks iwwerfuerdert, wa si d’Kanner komplett doheem halen. D’DP-Deputéiert huet och ze bedenke ginn, dass de Staat net kontrolléieren, respektiv net sécher goe kann, ob sech d’Elteren, déi esou eng finanziell Entschiedegung kréien, sech och wierklech gutt ëm d’Kand këmmeren, Aktivitéite maachen an déi Zäit, déi si net op der Aarbecht sinn, mam Kand verbréngen.
D’Joëlle Welfring vun déi Gréng huet d’Iddi vun der Ganzdagsschoul opbruecht, an dass dës Offer kéint ausgebaut ginn. Esou missten d’Kanner net vun A op B fueren, mee si kéinten de ganzen Dag mat hire Frënn an ëmmer mat der nämmlechter Betreiungsekipp verbréngen. Dat wier just eng Offer, den Eltere sollt et ëmmer nach fräi gelooss ginn, déi beschten Optioun ze fannen.
Nei Mesure si schonn ugeduecht
De Sujet, wéi een alles ënnert een Hutt kritt, huet si an d’Politik bruecht, dat sot dann d’DP-Deputéiert Corinne Cahen. Dës Regierung wéilt dowéinst och de Congé Parental flexibiliséieren an et géinge scho Mesuren op de Wee bruecht ginn, fir dass d’Eltere méi Zäit kënne bei de Kanner verbréngen. Ma et sollt een awer wa méiglech mat engem Been am Aarbechtsliewe bleiwen, fir och am Fall vun enger Trennung ëmmer nach finanziell onofhängeg ze bleiwen, huet d’Corinne Cahen betount.
Direkt eng Rei Deputéierten hunn déi nei Flexibiliséierung vum Congé parental an d’Diskussioun bruecht, esou wéi d’Méiglechkeet Hallefzäit ze schaffen, wann ee méi Zäit bei de Kanner wëll sinn. D’Mesure vun der CSV-DP-Regierung, déi zwar Zäit erméiglechen, mee dat awer onbezuelt, wiere fir déi mannste Leit eng Léisung, esou d’Manuela Barilozzi an hire Papp an der Chamber.
En Thema war och de Congé pour raisons familiales, also wann e Kand krank ass an net an d’Betreiungsstruktur ka goen. D’Petitionärin huet begréisst, dass dësen an d’Luucht gesat gouf. Ma trotzdeem wier et besser, allgemeng méi Zäit fir d’Kanner ze hunn, esou dass een da manner op de Congé pour raisons familiales ugewisen ass.
Reaktioune vun de Ministeren éischter zeréckhalend
Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet d’Organisatioun vun de Betriber an d’Ronn geheit. Et wier immens schwéier, eng Entreprise ze organiséieren, wann e Salarié géing manner schaffen, awer d’Recht behält fir no enger festgeluechter Zäit nees Vollzäit ze schaffen. Wa vun 10 oder 20 Stonnen d’Woch manner Rieds geet, wier dat schwéier ze handhaben.
De Familljeminister Max Hahn huet ervirgehuewen, dass de Facteur Zäit sécherlech eng wichteg Roll spillt fir sech gutt ëm Kanner kënnen ze këmmeren. De Minister huet widderholl, wat am Koalitiounsaccord schonn an deem Beräich festgehale gouf. De Koalitiounsaccord gesäit d’Recht op Deelzäit vir, dat awer ouni finanziellen Ausgläich, esou wéi och d’Recht duerno nees Vollzäit an de Beruff zeréck ze goen. Den zoustännege Minister Max Hahn huet um RTL-Mikro präziséiert, dass d’Detailer nach ausgeschafft ginn. Et géing och un engem Text geschafft ginn, dee virgesäit dass Eltere 4 Stonnen d’Woch kënne manner schaffe fir bei hire Kanner ze sinn, bis si 13 Joer hunn. Bei dëser Mesure wier et nach onkloer, ob eng Deel-Remuneratioun méiglech ass, huet et op Nofro geheescht. Ma dat géing awer alles evaluéiert ginn, huet de Familljeminister verséchert. Et géing och dorëms goen, dës Méiglechkeete gesetzlech ze verankeren, esou dass e Patron sech net géint esou eng Demande stelle kann. D’Fro nom finanziellen Ausgläich bleift awer nach op.
D’Petitioun, déi virun engem Joer lancéiert gouf, krut 4.720 Ënnerschrëften an ass en Dënschdeg de Moie mat den Deputéierten an den zoustännege Minister fir d’Famill a fir d’Aarbecht diskutéiert ginn. Zeréckbehale gouf, esou d’Presidentin vun der Petitioune-Kommissioun Francine Closener, dass d’Thema och mat an d’Educatiounscommissioun soll geholl ginn. D’LSAP-Deputéiert huet ervirgehuewen, dass et den Debat nieft der Remuneratioun och ëm d’Offer vun de Betreiungsstrukturen an ëm Kanner mat spezifesche Besoinen gedréint huet. Dowéinst wier et wichteg, weider um Ball ze bleiwen an eben och mam Minister Claude Meisch, dee fir d’Betreiungsstrukturen zoustänneg ass, doriwwer ze schwätzen.
Zum Schluss vun der Diskussioun huet d’Petitionärin sech zefridde gewisen, dass um Sujet sollt geschafft ginn. Si géing hoffen, dass sech och tatsächlech eppes ännert. Op jidder Fall wier si immens frou, dass iwwert d’Thema geschwat gouf. An och dass si hiert Uleies “deene Leit, déi kënnen doriwwer entscheeden” konnt virdroen.