
Wéi de Beamten dëst gemellt gouf, huet d’Police direkt eng Sichaktioun op d’Bee gestallt, déi och direkt Friichte gedroen huet. Et konnt an deem Kader nämlech e Jugendlechen ermëttelt ginn, deen op d’Beschreiwunge vun Zeie gepasst huet.
De jonke Mann huet bei der Kontroll direkt zouginn, dass et sech hei ëm Bedruch géif handelen, hien also net wierklech fir karitativ Zwecker géif Sue sammelen. Hie koum fir weider Kontrolle mat op de Büro. Den Onéierleche gouf protokolléiert.
E Mëttwoch de Muere gouf et dann nach e versichten Abroch, dat an der Rue Paul Henkes zu Dummeldeng. Och hei gouf direkt eng Sich an d’Weeër geleet, e presuméierten Täter konnt kuerz drop gestallt ginn. De Parquet gouf informéiert, all relevant Beweis-Géigestänn goufe saiséiert. Weider Ermëttlunge goufen elo ageleet.