
Wéi de de Bewunner vum Haus d’Dier opgemaach huet, stoungen 2 Männer virun him. Dës hu virginn, dass si grad amgaange wieren, den Daach vum Noper ze flécken. Dobäi hätte si gesinn, dass och e puer Zillen um Daach vum Mann sengem Haus futti wieren.
Duerno hu si him ugebueden, d’Zille fir 20 € ze ersetzen.
Well d’Affer keng Suen am Haus hat, huet et deenen 2 Männer seng Kontosnummer ginn. Duerno huet sech allerdéngs erausgestallt, dass déi Onéierlech méi ewéi nëmmen 20 €opgehuewen haten.
Bei den Onéierlechen huet et sech ëm 2 Männer gehandelt. Allebéid waren ongeféier 1.75 Meter grouss an dënn gebaut. Si hate kuerz schwaarz Hoer an e südlänneschen Teint. Si waren donkel ugedoen an hate Faarfflecken op hire Boxen. Allebéid hu Franséisch geschwat.