
„Et ass du jamais vu“, sot en Dënschdeg de Moie bei eis op der Antenne den Invité vun der Redaktioun Gilles Roth am Kontext vun dem Bréif, deen d'Procureur General d'Etat zesumme mam President vum Ieweschte Geriichtshaff Jean-Claude Wiwinius un de Chamberpresident gemaach hat. D'Gewaltentrennung wier doduerch a Fro gestallt ginn. Wéi kann een déi rezent Bréiwer vun der Martine Solovieff interpretéieren? Wéi ass d'Gewaltentrennung gesetzlech gereegelt? A wei reagéiert d'Justizministesch?
D'Formulatioun am Bréif vun der Procureur General Martine Solovieff an dem President vum Ieweschte Geriichtshaff Jean-Claude Wiwinius ass onüblech a sécherlech och onglécklech, dat seet den LSAP-Deputéierten Alex Bodry, dee mëttlerweil op eng Carrière vu 26 Joer als Deputéierte kann zeréckkucken. Den Ament géing een och mierken, datt e gewësse Malaise tëscht der Legislativ an der Justiz besteet, erkläert den LSAP-Politiker.
„Et muss een och den doten Evenement situéieren an eng ganzer Kette vu gewëssen Ereegnesser iwwer déi lescht Joren, wou ëmmer méi dacks gefrot ginn ass, datt de Parquet soll an d'Chamberkommissioune kommen, wou natierlech och Parteipolitik sécherlech matspillt. Et ass och aus deem Gefill eraus, wou d'Reaktioun vun der Justiz an dem dote Mooss kënnt, well se wahrscheinlech den Androck kritt, datt si zum Spillball vu parteipolitesche Strategie ginn. A si wëlle sech vu vir era wieren, datt dat geschitt an dat kann ech novollzéien. Par Konter, wéi gesot, ass et net de richteg Wee, fir dem Chamberpresident ze schreiwen hien hätt eng Question parlementaire net dierfen acceptéieren."
D'Trennung vun de Gewalten ass an enger Demokratie e ganz wichtege Prinzip an dee muss vun all de Pouvoire respektéiert ginn, betount d'Justizministesch Sam Tanson de Mëtteg an enger Reaktioun op déi rezent Evenementer:
„Ech hat awer e Gespréich mat der Martine Solovieff iwwer de Contenu vun deem Bréif. An ech hunn hir gesot, datt ech der Meenung sinn, datt d'Gewaltentrennung an déi zwou Richtunge spillt an datt et och ganz wichteg ass, datt och de Procureur General d'Etat net den Uschäi gëtt, sech wëllen anzemësche wéi eng Question parlementaires opportun sinn oder net. Dat hunn ech speziell onglécklech fonnt, datt déi Impressioun kéint aus dem Bréif ervirgoen an dat hunn ech hir och gesot."
Fir e bessert Fonctionnement ze garantéieren, bräicht et awer och eng Klarifikatioun säitens der Politik. Aktuell ënnersteet de Parquet - dem Gesetz no - nämlech dem Justizministère an ass also de jure net onofhängeg. Den Alex Bodry:
„D'Praxis vun den 10-20 leschte Joren ass allerdéngs, datt d'Justizministeren dovunner ofgesinn hunn, fir dem Parquet prezis Instruktiounen ze ginn, well se soten „mir sinn éischter fir een onofhängege Parquet". An 't ass jo och d'Absicht gewiescht, scho vun der viregter Regierung, fir dat och ze änneren an den Texter. 't ass och eng Fro, déi mir an der neier Verfassung diskutéieren a wou mir eis bis elo ausgeschwat hunn, - an do war d'CSV sengerzäit mat d'accord - datt de Parquet soll een ähnlecht Statut kréien, wéi dat och d'Riichter sinn, déi Recht spriechen."
Déi Meenung deelt och d'Justizministesch Sam Tanson: „datt do eng vill méi kloer a strikt Trennung soll passéieren, tëscht dem Justizministère an dem Parquet. Dat ass eppes, wat ech ganz wichteg fannen“.
Donieft géing elo och an der Chamberkommissioun vun den Institutiounen iwwer déi konkret alldeeglech Ëmsetzung vun der Gewaltentrennung geschwat ginn. Déi Diskussioun wär wichteg, well d'Institutioune - spréch Regierung, Parlament a Justiz - solle mateneen an net géintenee schaffen, sou nach d'Justizministesch.