Wärend der PandemieOnline-Ofstëmmungen an der Chamber? Majoritéit dofir, Oppositioun dogéint

Claude Zeimetz
Sollen d'Deputéiert a Quarantän oder am Isolement d'Méiglechkeet kréien, fir op Distanz via Visiokonferenz Chamber-Plenièren ze suivéieren an ofzestëmmen?

Iwwert dës Fro gëtt den Ament an der Chamber diskutéiert. D'Meenungen ginn auserneen. D'Majoritéit wier duerchaus gewëllt, fir op dee Wee ze goen a vereenzelt Deputéiert mat den technesche Moyene via Video an d'Plenière bäizeschalten. D'Mesure sollt fir d'Zäit vun der Pandemie limitéiert bleiwen a géif nëmmen da spillen, wann et absolut néideg wier. En Deputéierten, dee während enger Plenière am Ausland ass, géif zum Beispill net heifir a Fro kommen. D'Oppositioun awer ass dogéint, datt op Distanz géif diskutéiert an ofgestëmmt ginn.

An dat virun allem wéinst dem Artikel 62 vun der Verfassung, déi virgesäit, datt "d'Chamber Resolutiounen huele kann, wann eng Majoritéit vun hire Memberen zesummen ass". Diskutéiert gouf an der Reglementskommissioun, ob d'Deputéiert wierklech physesch present musse sinn oder ob eng digital Presenz duergeet. Effektiv kann e Gesetz nëmmen da gestëmmt ginn, wann op d'mannst 31 Volleksvertrieder bei der Sitzung derbäi sinn.

D'Oppositioun gesäit och den technesche Volet kritesch. Hei kéinte Problemer entstoen an ass och der Meenung, datt en demokrateschen Debat nëmmen da stattfanne kann, wa Leit sech an d'Ae kucke kënnen.

Grad wéi fir Enseignanten a Gesondheetspersonal kéinten Derogatioune bei der Quarantän fir Deputéiert agefouert ginn.

Back to Top
CIM LOGO