ADHS als ErwuessenenOnopmierksam, onkonzentréiert an hyperaktiv

RTL Lëtzebuerg
ADHS ass déi heefegst neurobiologesch Krankheet bei Kanner a Jugendlecher.
ADHS als Erwuessenen
ADHS ass déi heefegst neurobiologesch Krankheet bei Kanner a Jugendlecher.

Wat allerdéngs dacks vergiess gëtt, dat ass de Fait, dass ADHS net heelbar ass. Dowéinst ginn et och vill Erwuessener, déi ënner ADHS leiden.

Et ginn dräi Aarte vun der Krankheet: majoritär onopmierksam, majoritär hyperaktiv, an eng Kombinatioun aus deenen zwou. Bei der majoritär onopmierksamer Variant, schwätzt ee vun ADS. An dësem Numm feelt nämlech den “H”, dee fir hyperaktiv steet.

Betraffener begéinen ëmmer erëm nees Alldagssituatiounen, an deenen si iwwerfuerdert sinn.

“Wou ech wierklech extrem mierken, dat ass, wann ech akafe ginn. Ech hunn dat guer net gär. Ech sinn iwwerfuerdert mat ville Leit. Da maachen ech mer eng Akafslëscht, vergiessen se awer hei oder vergiesse se am Auto oder si grad esou beschäftegt mat deem Kand, wat do kräischt. Dat stresst mech sou ënnert ville Leit. Ganz grouss Surfacen evitéieren ech, do ginn ech guer net gären.”

Net jidderee muss mat Medikamenter behandelt ginn. Et wier awer déi effektiivste Method, esou den Dr Marcus Alexander. Den Thomas Roland huet ADS an hëlt just nach heiansdo eng Pëll Rilatine, wann hie sech ganz besonnesch muss konzentréieren.

Allgemeng kann ee gutt mat ADHS liewen. De Problem läit dacks éischter bei Virurteeler an Onverständnis, mat deem déi Betraffe konfrontéiert ginn. Donieft ginn et hei zu Lëtzebuerg keng konkret Plazen, wou Erwuessener sech kënne berode loossen an Hëllef sichen. Esouguer d’Psychotherapie an d’Medikamenter ginn net vun der Krankekeess iwwerholl, wann d’Behandlung nom 18 Liewensjoer ugefaange gouf.

Den “ADHD Awareness Month” soll opklären a Virurteeler aus dem Wee schafen. Am Reportage erzielen d’Patricia De Sousa Vaz an den Thomas Roland iwwert hiert Liewe mat ADHS an ADS. Dës Krankheet huet nämlech och seng positiv Säiten.

Back to Top
CIM LOGO